5G – e Risiko, deen nach net vergiess ass …

Den Ausbau vum 5G-Netz zu Lëtzebuerg ass besonnesch an der Corona-Zäit monter virugaangen. Et ass awer nach keng Etüd gemaach ginn, déi Zweifele géing aus dem Wee raumen, wat e Gesondheetsrisiko duerch déi dauernd Bestralung fir d’Mënschen ass. Den Europarot hat schonn 2011 gefrot, fir dëst ze ënnersichen an et gëtt och méi kleng Etüden, déi op e Kriibsrisiko hindeiten. Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser ass der Positioun vun der Regierung op de Fong gaangen.

D’Äntwert ass informativ, mat klengen Nuancen: Gefuerdert ass eng medezinesch Etüd fir d’Gesondheetsrisike vun der 5G-Technologie ze konfirméieren ODER ze dementéieren. Dës ass, no den Aussoen vum Minister Bettel nach ëmmer net gemaach ginn, iwwer 11 Joer nodeems si vum Europaparlament gefuerdert ginn ass. Och an der drëtter Fro gëtt vum Premierminister de Schleier vun de Wierder iwwert d’Äntwert geluecht. Ass wärend der Corona-Kris (mat wéineg Risiko op Protester) den aktuelle 5G-Réseau installéiert ginn, war d’Fro, an d’Äntwert vum Premierminister ass Jo! Well wat anescht heescht et, wann de Reseau direkt no Corona operationnel war, nodeeems wärend Corona „virun allem eng Rei administrativ an technësch Virbereedungsaarbechten op der Säit vun den Operateure statt fonnt“ hunn?

 

Fro

D’Installatioun vu 5G geet virun, obwuel d’Fuerderunge vum Europarot a senger Resolutioun 1815 vu Mee 2011 a vum Europaparlament fir d’gesondheetlech Risike genee ze ënnersichen nach ëmmer net ëmgesat gi sinn. An deene leschte Joren hunn eng amerikanesch (2018) an eng italienesch Etüd (2019) nees festgehalen, datt Radiostralen am Frequenzberäich vun 3G, 4G a 5G duerchaus de Risiko, fir Kriibs ze kréien, kënnen erhéijen. Anerersäits gëtt et keng Etüd, déi seet, datt dës Strale keng Gefor fir d’mënschlech Gesondheet sinn.

Dozou wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wou ass Lëtzebuerg mat senger 5G-Infrastruktur drun? Wat sinn déi gréisste Flächen, déi zesummenhänkend ofgedeckt ginn? A wéi vill Prozent vum Land funktionéiert 5G?
  2. Ginn zu Lëtzebuerg och schonn déi méi héich 5G-Frequenzen am potenziell méi geféierleche Millimeter-Beräich genotzt? Bedeit de séieren a systemateschen Ausbau vu 5G zu Lëtzebuerg, datt d’Regierung keng Gefor fir d’Gesondheet vum Mënsch gesäit?Wéi eng gesondheetlech Etüden huet d’Regierung iwwer déi gesondheetlech Wierkunge vun deene geplangte Frequenzen?
  3. Wéi vill vum Ausbau vun eisem 5G-Netz ass wärend der Zäit vu Corona 2020 – 2021 geschitt

Äntwert

1. Wou ass Lëtzebuerg mat senger 5G-Infrastruktur drun? Wat sinn déi gréisste Flächen déizesummenhänkend ofgedeckt ginn ? A wéi vill Prozent vum Land funktionéiert 5G?
Den Opbau vun der 5G-Infrastruktur huet am August 2020 no der Attributioun vun de 700 MHz an 3,6 GHz Lizenzen un déi mobil Operateuren ugefaangen. Aktuell sinn 391 Autorisatioune fir Siten déi des Frequenzen notze vun der Emweltministesch a vum Aarbechtsminister ausgestallt ginn. D‘Standuerter vun den Antennen sinn um Site vum Geoportal (https://geoportail.lu/) am Cadastre GSM verëffentlecht. An enger éischter Phas huet den Opbau vun der 5G Infrastruktur sech op d‘Flächen ëm d’Stad Lëtzebuerg, an der Stad Lëtzebuerg an duerno am Süde vum Land konzentréiert. Eng genee prozentual 5G-Ofdeckung vum Land kann à ce stade nach nët spezifizéiert ginn, well déi eenzel Reseauen nach matten am Opbau sinn.
2. Ginn zu Lëtzebuerg och schonn déi méi héich 5G-Frequenzen am potenziell méi geféierleche Millimeter-Beräich genotzt? Bedeit de séieren a systemateschen Ausbau vun 5G zu Lëtzebuerg, datt d’Regierung keng Gefor fir d’Gesondheet vum Mënsch gesäit? Wéi eng gesondheetlech Etüden huet d’Regierung iwwer dei gesondheetlech Wierkunge vun deene geplangte Frequenzen?
Zu Lëtzebuerg sinn d‘5G-Frequenzen am Millimeter-Beräich nach net a Betrieb. Den Opbau zu Lëtzebuerg as an deenen uewe genannte Frequenze vun 700 MHz an 3,6 GHz. D’Regierung suivéiert déi wëssenschaftlech Erkenntnisser am Beräich vun den elektromagnéitësche Felder.
Baséierend op enger rezenter Iwwerpréiwung vun der wëssenschaftlecher Literatur ass d’WHO zu der Konklusioun komm, dat déi aktuell virleiend Etuden d’Existenz vu gesondheetleche Problemer, ausgeléist duerch d’Expositioun zu schwaachen elektromagnéitesche Felder, net confirméieren.
Déi neisten wëssenschaftlech Publikatiounen vun der « Agence nationale de sécurité sanitaire de l’alimentation, de l’environnement et du travail (ANSES)» aus Frankräich respektiv vum “Panel for the Future of Science and Technology” vum Europaparlament a vu der Europäescher Kommissioun analyséieren d’Auswierkungen vum 5G. Och an dëse Publikatiounen ginn et keng confirméiert wëssenschaftlech Resultater déi een Impakt op d‘Gesondheet duerch den Déploiement vum 5G (bis 5 GHz) demonstréieren.
Nieft der lafender wëssenschaftlecher Recherche an deem Beräich bleift de principe de précaution dat wichtegst Instrument fir d‘Expositioun sou niddrech wéi méiglech ze halen. D’Applikatioun vum „principe de précaution“ as an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 634 aus dem Joer 2019 detailléiert.

3. Wéi vill vum Ausbau vun eisem 5G-Netz ass während der Zäit vu Corona 2020-2021 geschitt?
An de Joeren 2020 an 2021 hun virun allem eng Rei administrativ an technësch Virbereedungsaarbechten op der Säit vun den Operateure statt fonnt. Am Hierscht 2021 konnten dunn déi éischt 5G-Reseauën de kommerzielle Betrib zu Lëtzebuerg ophuelen, am Ufank op d’Stad Lëtzebuerg fokusséiert.

 

Deel dëse Post: