[PARLAMENTARESCH FRO] Fermeture éventuelle du site d’ArcelorMittal à Bissen

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës Drénglechkeetsfro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

Zënter e puer Deeg lafe Rumeuren, datt de Site ArcelorMittal Biissen soll eventuell zougemeet ginn. Verschidden auslännesch Delegatiounen hätten sech d’Installatiounen op der Plaz ugekuckt, mat der Absicht an hir Länner ze delokaliséieren. Falls dës Rumeuren net sollte stëmmen, wier et wichteg, wann se vun offizieller Säit géifen direkt dementéiert ginn.

An dësem Kontext géif ech dem Wirtschaftsminister dës Froe stellen:

1)      Kann dën Här Wirtschaftsminister dës Informatioune konfirméieren, respektiv dementéieren?

2)      Am Fall vun enger Konfirmatioun, wéini ass de Minister informéiert ginn?

3)      Hu schonns Gespréicher tëscht der Direktioun vun ArcelorMittal an dem Minister stattfonnt?

4)      Sinn d’Sozialpartner informéiert ginn?

5)      Sinn nieft Biissen och aner Wierker zu Lëtzebuerg, déi zu ArcelorMittal gehéieren, am Gespréich fir zougemaach ze ginn?   

 

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: