Administrativ Strofen, no Urteel vum Geriicht, hunn se ee strofrechtleche Charakter?

Administrativ Strofen déi z.B. vun der ITM verhaange gi, mussen déi no engem ganz rezenten Urteel vum Cassatiounsgeriicht, elo ganz nei iwwerduecht ginn oder net?

 

Vir do méi gewuer ze gi stellen déi honorabelen Deputéierte Jeff Engelen an Dan Hardy dem Här Premierminister, dem Här Aarbechtsminister an der Madamm Justizminister déi follgend parlamentaresch Fro.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister, den Här Aarbechtsminister an d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

Op Reporter.lu war kierzlech ze liesen (Artikel “Wenn der Minister zum Richter wird”; 9.7.2025), datt d’Cassatiounsgeriicht eng Verurteelung géint e Restaurant-Bedreiwer ufanks Juni deelweis opgehuewen huet, wat Follge fir d’Aarbecht vun der ITM wäert hunn, awer och fir aner staatlech Organer an Institutiounen, déi administrativ Strofe verhänke kënnen.

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Froe stellen:

  1. Kënnen administrativ Strofe weiderhi verhaang ginn, och wann opgrond vun hirem potentiell strofrechtleche Charakter de Risiko besteet, datt si vum Cassatiounsgeriicht spéider opgehuewe ginn?
  2. Gëtt dem Rechtsprinzip „Ne bis in idem“, deen och vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun héichgehale gëtt, am Aarbechtsrecht net genuch Rechnung gedroe beim Ausschaffe vun den Artikele 572-4 a 572-5?
  3. Kann e Minister och an Zukunft administrativ Strofe verhänken, wuelwëssend, datt d’Verhänke vun dëse Strofen net konform zum Prinzip vun der Gewaltentrennung kéint sinn?
  4. Huet d’Regierung schonn déi néideg Analyse gemaach, fir dës Problemer an Zukunft ze evitéieren? Wa jo, si scho Léisunge fonnt ginn? A wa jo, wéini kéinten déi der Ëffentlechkeet virgestallt an an d’Rechtspraxis implementéiert ginn?

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen                                                                                                     Dan Hardy
Deputéierten                                                                                                   Deputéierten

Deel dëse Post: