An enger kuerzer Debatt op engem Donneschdegowend huet d’Chamber entscheet, 2,6 Milliarden (!) Euro fir e belsch-Lëtzebuerger Batailloun auszeginn. Skandaléis dobäi ass, datt d’Decisioun, fir esou e Batailloun ze grënnen, iwwerhaapt mol net duerch d’Chamber validéiert gouf. An deem Kontext schwätzt den Zentrums-Deputéierten Tom Weidig a senger Ried vum 14. November iwwert dee verantwortungslosen Ëmgank vun der Politik mat eise Steiersuen.