POST: De Personalmanktem muss geléist ginn!

D’POST huet Rekrutéierungsproblemer, a well net genuch Bréifdréier do sinn, ass d’Personal iwwerlaascht an onzefridden, de Service verléiert u Qualitéit an de Klient verléiert esou lues awer sécher d’Gedold. D’Bréifdréieschgewerkschaft huet den Dialog mat der Regierung gesicht, bis elo allerdéngs ëmsoss. Et gëtt awer dréngend eng Léisung gebraucht, dofir huet den Deputéierte Fernand Kartheiser am Zesummenhang mat der Rekrutéierungsproblematik e puer Froen un de Verdeedegungsminister geriicht.

Deel dëse Post: