Héichpunkter aus der Interpellatioun zur Lëztebuerger Sprooch vum Fernand Kartheiser
- Näischt ass falsch drun, wann ee Vollek sech fir seng Kultur a seng Sprooch asetzt.
 - Dräi mol Lëtzebuergesch: e couragéierten Akt.
 - Et ass wichteg, drun ze erënneren, datt mir keen Dräisproochegt Land sinn.
 - Franséisch an Däitsch si fir eis Friemsproochen.
 - Den Abléck ass komm, fir äis nach méi determinéiert zu eiser Sprooch ze bekennen.
 - Et muss eng, an eng eenzeg, Integratiounssprooch fir dëst Land ginn.
 - Wie ganz wëll un eiser Gesellschaft deelhuelen, dee kann dat nëmmen, wann e Lëtzebuergesch kann.
 - Lëtzebuergesch ass d’Bréck an ons Gesellschaft, domadder op kee Fall eng Exklusiounssprooch.
 - Lëtzebuergesch muss e reguläert a wichteg Schoulfach sinn, an dat op alle Klassen.
 - Wien d’Kanner an der Schoul vuneneen trenne wëll, fir se ënnerschiddlech ze alphabetiséieren, deen trennt eis Gesellschaft.
 - Et ass net rassistesch, wa mir hei am Land drop bestinn, datt eis Nationalsprooch geschwat gëtt.
 - An der Crèchen: selbstverständlech mat Lëtzebuergesch, awer net och nach Franséisch.
 - Fir d’Integratioun vun de klénge Kanner virun ze dreiwen, soll an de Crèche Lëtzebuerg geschwat ginn.
 - Am Gesondheetswiesen, an den Altersheemer an an der Fleeg muss d’Personal Lëtzebuergesch léieren.
 - An der Verfassung soll Lëtzebuergesch als Nationalsprooch a Sprooch vum Land festgehale ginn.
 - Jiddereen, deen am ëffentlechen Déngscht schafft, muss kënne Lëtzebuergesch um héchst méiglechem Niveau schwätzen.
 - Et däerf een net hinhuelen, dat d’Lëtzebuergescht vun eiser Regierung als net wichteg, als zweetrangeg ugesi gëtt.