Säit Jore warnt d’ADR och virun de potentielle, juristesche Konsequenze vun de Russlandsanktiounen. Genausou, wéi se virun der doraus resultéierender Veraarmung vun de Leit d’Aen zougemaach hunn, hunn d’Gambia-Parteien an d’CSV och de juristesche Risiko erofgespillt. Mëttlerweil sicht allerdéngs e russesche Geschäftsmann Lëtzebuerg ëm 15 Milliarden Euro Schuedensersatz un an huet duerchaus Chancen, Recht ze kréien. Wéi sollten d’Lëtzebuerger Steierzueler esou eng onmoosseg Zomm opbréngen?