1-Euro-Gesellschaft: iwwerflëssege Gambia-Gimmick [Video]

Wéi Gambia de Leit probéiert, Sand an d’Aen ze streeën huet de Roy Reding den 13. Juli an der Chamber beim Gesetz iwwer d’1-Euro-Gesellschaft demonstriert.

D’Gesetz reduzéiert net d’Käschten fir eng Gesellschaft ze grënnen.

D’Gesetz mécht d’Prozedur fir eng Societéiet opzemaachen och net méi séier.

Déi Leit, déi mam Gesetz sollen gehollef kréien, brauche guer keng Gesellschaft fir berufflech täteg ze ginn.

D’Gesetz ass also iwwerflësseg an et mécht eng Start-Up manner flexibel, wa se wiisst a méi Kapital braucht. E Gimmick, seet de Roy Reding. Hie proposéiert am Plaz bei net geschützte Beruffer d’Autorisation d’établissement ofzeschafen. Dat wir eng konkret Hëllef, déi bei Firmegrënnunge géing Zäit a Sue spueren.

Deel dëse Post: