E Mëttwoch, de 6. Mee 2015, huet de Gast Gibéryen fir d’ADR op d’Deklaratioun zur Lag vun der Natioun vum Staatsminister Xavier Bettel reagéiert. Wéi vill aner Bierger war den ADR – Deputéierte vun der Ried vum Premier béis enttäuscht: „dëst war weder eng Ried zur Lag vun der Natioun, nach eng Ried zur Lag vum Land“.

Grouss a wichteg Problemer sinn net ugesprach ginn: „Kee Wuert iwwert d’Zukunft vum Land“. Fir de Gast Gibéryen hunn déi lescht Joere bewisen, datt de „stramme Wuesstem“ zur Konsequenz huet, dat d’Wunnen ëmmer méi deier gëtt, dat de Chômage weider klemmt, an datt d’Stauen elo bis iwwert d’Grenze vum Land eraus ginn. „An dobäi mech de Premier, wéi wann alles am Botter wier“, wonnert sech de Gast Gibéryen.

Vun de wéineg positiven Aussoen vum Premier gehéiert d’Bekenntnis fir méi oft op d’Referenden zréck ze gräifen, eng al Fuerderung vum ADR. Da muss d’Regierung awer eescht maachen, an net nëmmen déi Froe stellen, déi der Regierung an de Chrom passen. Wéi ass et mam Referendum iwwert den Tram (d’Gesetzespropositioun vum Roy Reding ass prett fir an d’Chamber ze kommen), e Referendum iwwert d’Adoptioun vu Kanner beim Homobestietnis…

De Gast Gibéryen huet sech besuergt gewisen iwwert déi ronn 20 000 Leit – vill Famillje mat Kanner – déi an onsem räiche Land ënnert der Aarmutsgrenz liewen. Dobäi gëtt der Logementspolitik gëtt et e komplette Stëllstand, obschonns schonn eleng duerch d’Awanderung ronn 5 000 nei Wunnenge pro Joer gebraucht ginn.

Wann den Accord TTIP ubelaangt, schwätzt sech d’ADR weider fir d’Fortsetzung vun der Verhandlungen aus, stellt dofir awer eng zwéngend Bedingung: den Accord muss an Europa vun allen nationale Parlamenter, also och vun der Chamber, ratifizéiert ginn.

Och de Referendum vum 7. Juni war e grousst Thema am ADR-Deputéiert senger Ried: de Gast Gibéryen ass sech sécher, datt an der Fro zum Walrecht fir Auslänner de Nee gewënnt.

Zur Ausso déi de Premier 19 mol widderholl hat, huet de Gast Gibéryen dës Konklusioun gezunn: „De Wee, deen dës Regierung aschléit, ass doudsécher dee falschen, an d’ass nach Zäit, fir en ze corrigéieren“.