Adaptatioun vun de Kreditter fir Schoulausflich an d’Verdeelung vu Präisser un d’Schüler

Marc Schiffmann (ADR):

Am Numm vum ADR wäert ech dëse Projet stëmmen a mir stinn och voll do derhannert. Et kéint een elo soen, musse mir Stéit mat engem héijen Akommes dees Subventioun bäisteieren?

Dat wier eng Iwwerleeung wäert. Jo, dat wier och ongerecht well ee Kand ass esouvill wäert wéi dat anert. Mir kéinten awer vläit op en anere Wee goen. Mer wëssen alleguer datt déi Leit, déi vun der Allocation de vie chère profitéieren, zu deene gehéieren, déi all Euro zweemol ëmdréine mussen. Fir déi Leit ass all Schoulausfluch eng gréisser finanziell Belaaschtung. Ech géif proposéieren, datt mer dëse Leit méi en héije Montant zoukomme loossen esouguer eventuell de Gesamtmontant, deen eng Excursioun kascht. Et geet jo haaptsächlech drëm, fir dës Kanner net ze désavantagéieren. Et misst ee kucken, wat fir en Impakt dat op de Budget hätt an et soll am Fong just e klengen Ustouss sinn, fir dat mol eng Kéier ze diskutéieren.

Extrait aus dem Verbatim vum Diddelenger Gemengerot vum 8te Mee 2015

Deel dëse Post: