COVID-19
Hei fannt Dir den Iwwerbléck iwwert d’Positiounen, Fuerderungen a Propose vun der ADR wärend der gesamter COVID-Situatioun.
20 Fuerderunge vun der ADR
Méi Transparenz
- Voll Transparenz bei den Impf-Nieweschied, kloer a fir d’Doktere remuneréiert Prozedure fir Impfschied ze mellen, Ariichte vun engem Fong fir d’Indemniséierung vun de Victime. Séier an onkomplizéiert Unerkennung vun den Affer vun der Impfung a séier an ugemoossen Entschiedegungen.
- Komplett Opklärung iwwert de Rôle vun der EU-Kommissioun an der EMA.
- Méi Transparenz bei den Doudesursaachen.
- Eng onofhängeg Ënnersichungskommissioun déi de kompletten Accès op all Dokumenter a Statistike muss hunn.
Legislativ Moossnamen
- Definitiv Annulatioun vum geplangte Gesetzesprojet iwwer d’Impfflicht “obligation vaccinale”; offiziell Erklärung zum Enn vun der Pandemie.
- Eng effizient a séier Prozedur fir Asprochsméiglechkeete géint Reglementer am Noutstand.
- E Pandemiegesetz am Respekt vun de Grondfräiheete vum Mënsch.
- Voll Reesfräiheet – Faleloosse vum QR-Code an digitalen Impfzertifikater.
- Keen Transfert u Kompetenzen un d’EU oder d’OMS(WHO)
- Ofschafe vun der COVID-Impfflicht an der Arméi.
- Sozial Ofsécherung vun den Indépendants.
- Remboursementer vun alle Protokoller, z.B. wéinst Verstéiss géint de Couvre-feu oder d’Obligatioun eng Mask unzedoen. Indemniséierung vu Leit déi wéinst der 2G Politik hir Aarbecht verluer hunn.
Medezinesche Secteur
- Schluss mam Drock op d’Dokteren a Stäerkung vun eisem Gesondheetssystem.
- Psychologesch Konsequenze vun der Kris opfänken.
Politesch Mossnamen
- Entschëllegung vun deene Politiker déi Impfskeptiker beleedegt hunn.
- Léiere fir Zukunft: méi Toleranz a méi e respektvollen Ëmgang mateneen.
- Méi Resilienz fir de Krisefall a Reserven u wichtege Gidder um nationale Plang.
- Realisteschen Ëmgang mat nationale Grenzen. Noutwennegkeet fir bilateral Accorden ofzeschléissen.
- D’Berodung vun der Regierung däerf net nëmmen duerch ee Grupp vu Leit, wéi z.B. Infektiologen oder Epidemiologe gemaach ginn.
- Reindustrialiséierung, ekonomesch Diversifizéierung a méi Onofhängegkeet vun Drëttstaaten.

Suivi vun der Covid-Zäit: Kloer Äntwerte wgl.!
D’ADR-Ost Deputéiert Alexandra Schoos huet der Gesondheetsministesch eng Rei konkret Froe gestallt zum Suivi vun der Covid-Zäit zu Lëtzebuerg. D’Gesondheetsministesch ass op keng vun deene

Europakongress: Et geet kee Wee laanscht d’ADR!
D’ADR wäert nom 9. Juni an Europa vertruede sinn!

Pandemie-Vertrag vun der WHO
Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos. Här President, esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro

ADR Frae Maniff géint d’Impfflicht a fir méi Souveränitéit an der WHO
D’ADR-Fraen haten den 18ten September, am Kader vum Weltdag vun der Patientesécherheet, virum Gesondheets-Ministère manifestéiert, an hunn do ënner anerem en éierlechen Ëmgang mat de

COVID-Informatiounspolitik-Niewewierkungen
Hei fannt Dir déi Parlamentaresch Fro vun der Honorabel Députéiert Alexandra Schoos. Här President, esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro