Am Kader vun den Impfrappeller déi am “Dossier de Soins Partagé” och DSP genannt ze fanne sinn huet d’Deputéiert Alexandra Schoos puer Froen un d’Madamm Gesondheetsminister gestalt.
Fro:
De Sënn vum sougenannten „Dossier de Soins Partagé“ (DSP) ass den Austausch an d’Deele vun de Gesondheetsdonnéeën an Informatioune vum Patient an engem elektroneschen Dossier. Dëst soll eng besser Koordinatioun, Kontinuitéit a Sécherheet vun der Versuergung erméiglechen (z.B. Impfrappeller), esouwéi och eng besser Notzung vun den Donnéeën.
De Gebrauch vun deem elektroneschen Dossier ass net obligatoresch. Wien deen Dossier awer aktivéiere gelooss huet a Gebrauch dovu mécht, kritt ënner anerem Informatiounen zum eegenen Impfstatus. Esou gëtt een aktiv drun erënnert, wann et un der Zäit ass, eng Impfung opzefrëschen. Do kritt een och d’Informatioun, vu wéini bis wéini een eng saisonal Impfung, ewéi déi géint d’Gripp, opfrësche muss oder och den „Rappel hivernal“ fir sech géint Covid-19 impfen ze loossen.
An deem Kontext wéilt ech der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:
- Wann Impfunge bei Aarbechtsdoktere vum CGDIS gemaach ginn, fënnt een déi net automatesch a sengem DSP. Doduerch kënnt et zu falschen Impfrappeller. Firwat erméiglecht de System net, datt all Dokter, deen zu Lëtzebuerg zougelooss an täteg ass, ënnert dem Patient senger Matricule eppes kann aginn, wat dann automatesch am DSP vum Patient vermierkt gëtt?
- Wien ass berechtegt, d’Impfunge géint Covid-19, déi elo vum Oktober un nees sollen zur Verfügung stoen, ze maachen? Wéi gesäit d’Organisatioun aus bei der Impfberechtegung an der Verdeelung vun den Impfdosen?
- Wat fir Covid-19-Impfstoffer a wéi vill Dosen dovun huet d’Regierung fir dës Saison bestallt?
- Besteet ëmmer nach de bekannte Kaskaderegime iwwert d’APA (Advance Purchase Agreement) oder gëtt et aktuell e Marché public fir den Akaf vun den Impfstoffer? Wien dréit hei d’Responsabilitéit vun den Impfschied?
- Duerch dat lescht gestëmmte Covid-19-Gesetz (Loi du 28 juin 2024 portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 relative à certaines mesures de suivi de l’évolution du virus SARS-CoV-2 et de lutte contre la maladie Covid-19.) huet d’Regierung sech d’Sammelen an d’Verwäerte vun Donnéeën am Zesummenhang mat der Covid-19-Impfung geséchert, déi hëllefe sollten, fir ënner anerem den Notze vun den Impfungen ze analyséieren. Wou ass déi Analys drun?
- Wann d’Regierung d’Auswäertung vun den nationalen Donnéeën nach net sollt hunn, huet si dann Analysen zu internationalen Donnéeë consultéiert, fir d’Effikassitéit vun der Impfung ze bewäerten an de Risiko-Notzen-Faktor anzeschätzen? Wa jo, wat fir Analyse waren dat?
- Am DSP steet bei „Autres informations“ zur Covid-19-Impfung: « Le risque de forme grave de COVID-19 augmente de manière exponentielle avec l’âge. La vaccination est particulièrement efficace pour empêcher les formes graves de la maladie ». Wéi bewäert d’Regierung d’Effikassitéit vun de Covid-19-Impfungen opgrond vun de gesammelten Donnéeën? Wéi schätzt d’Regierung de Risiko-Notzen-Faktor dobäi an?
- Zousätzlech liest ee bei „Commentaires“: « Un rappel hivernal est à prévoir chaque année, au moins 6 mois après la dernière vaccination ou infection. » Wéi ginn Infektiounen an deem Kader bestëmmt a wéi kann eventuell eng Titerbestëmmung am Kader vum Infektiounsschutz mat berécksiichtegt ginn?
- Kritt am DSP jiddwereen de sougenannten „Rappel hivernal“ fir eng Covid-19-Impfung, oder just bestëmmten Alters- a sougenannte Risikogruppen? Wa just bestëmmten Alters- a sougenannte Risikogruppen dëse Rappel kréien, wat sinn dann d’Krittären, déi bestëmmen, ob een zu deene Gruppe gehéiert?
- Gëtt deen „Rappel hivernal“ fir eng Covid-19-Impfung och nach iwwert aner Weeër vermëttelt? Wa jo, iwwer wat fir Weeër?
- Am Focus online liest een an engem Artikel vum 1.9.2025 (*), datt d’Corona-Impfstoffer an den USA elo nëmmen nach mat beträchtleche Restriktiounen zougelooss ginn. Esou ginn do d’Covid-19-Impfstoffer elo just nach fir eeler a krank Mënschen zougelooss. Gesond Erwuessener ënner 65 Joer a Kanner ouni Virerkrankunge solle faktesch keen Zougang méi zu de Covid-19-Impfstoffer vu Pfizer, Moderna an Novavax hunn a mussen dann deier dofir bezuelen. Huet d’Regierung fir Lëtzebuerg och bestëmmte Recommandatiounen oder Restriktioune virgesinn? Wa jo, wat fir eng?