Well d’ADR weess, datt méi a méi Horeca-Betriber sech zu Lëtzebuerg opgrond vu steigende Käschten (ë.a. Loyer, Energiekäschten, Käschte vum Personal, Liewensmëttelkäschten asw.) an enger prekärer Situatioun Situatioun befannen, huet eise Süd-Deputéierten Dan Hardy eng Aktualitéitsstonn an der Chamber ugefrot. Och d’Erhéije vum TVA-Saz op alkoholeschem Gedrénks vun dräi Prozent op 17 Prozent huet dem Secteur staark zougesat. An deem Kontext fuerdert d’ADR méi Ënnerstëtzung fir den Horeca-Secteur, an huet och eng Motioun an der Chamber deposéiert, fir den TVA-Saz nees erofzesetzen.