Hei fannt Dir eng parl. Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.
D’Aféierung vun DAB+ zu Lëtzebuerg wërft de Moment eng Rei Froen op, esouwuel wat déi betreffend Acteure wéi och d’Bierger ugeet. Iwwerdeems gëtt awer dës Technologie als d’Zukunft vum Broadcasting presentéiert.
Datt doduerch méiglecherweis bestëmmte Radiosender mat hiren Aktivitéiten ophale mussen oder déi eenzel Acteure mat héije Käschte fir den Zougang zum nationalen “Multiplex” an och mat Onsécherheeten iwwert déi tatsächlech national Ofdeckung confrontéiert ginn, mécht eng grëndlech Iwwerpréiwung vun där Strategie vun der Regierung absolut noutwenneg. Am Kader vun engem sou klenge Marché wéi dee vu Lëtzebuerg ass et essenziell, en transparenten, wirtschaftlech rentabelen a pluralisteschen technologeschen Iwwergang ze garantéieren.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi eng spezifesch Zommen huet d’Regierung investéiert, fir DAB+ ze promouvéieren an déi lëtzebuergesch Acteuren z’ënnerstëtzen?
- Wat war d’Begrënnung fir dës Ausgaben, a wéi eng Leeschtungsindicateure goufen opgestallt, fir hir Effizienz ze evaluéieren?
- Huet d’Regierung “Käschten-Benefice-Analysen” duerchgefouert, ier se d’Aféierung vun DAB+ finanzéiert huet? Wa jo, kënnen dës Analyse publizéiert ginn?
- Kann d’Regierung garantéieren, datt duerch d’Aféierung vun DAB+ d’Ofhängegkeet vum Land vun auslännescher technescher Infrastruktur net erhéicht gëtt?
- Wéi wëll de Staat d’Diversitéit vun de Medien zu Lëtzebuerg erhalen, wann international Plattforme wéi Spotify, Deezer, etc. en ëmmer méi groussen Undeel vum Publikum erueweren?
- Wéi kann de Staat e richtege Mediepluralismus am Kader vun engem sou klenge Marché wéi Lëtzebuerg garantéieren?
Mat déiwem Respekt,