Transparenz bei den Impfstoffverträg?

Säit Jore fuerdert d’ADR voll Transparenz esou wuel zu den Niewewierkungen, wéi och zu den Ëmstänn, wéi d’Verträg fir d’COVID-Impfstoffer zustane koumen a wien dovu profitéiert huet. De 16. Juli huet d’ADR-Deputéiert Lexy Schoos en Appell un de Chamberspresident Claude Wiseler geriicht, fir senger Aufgab als éischte Bierger vum Land gerecht ze ginn a weiderhin Drock op d’Regierung auszeüben, datt d’Parlament endlech déi entspriechend Dokumenter kann agesinn. Nëmmen een Dag méi spéit bestätegt den EUGH d’Positioun vun der ADR a fuerdert och op EU-Niveau d’Verëffentlechung vun enger Rei Informatiounen.

Hannergrond

Deel dëse Post: