Loosst Caféën a Restauranten liewen

Scho fir d’drëtt huet den Horeca-Secteur vun Caféë, Restauranten an Hoteller géint d’Corona-Moossname demonstréiert. Hire Secteur läit zum groussen Deel brooch, an d’Branche wäert aus der aktueller Politik net mat engem bloen £A dervu kommen. Dobäi bleift d’0Regierung all Beweis schëlleg, datt Hotspotten am Horeca-Secteur waren oder datt méi Leit sech an engem Café oder engem Restaurant ugestach hätte wéi soss anzwuech. Datt ee Secteur ganz zou ass, wou aner Geschäfter op sinn, ass nëmme ee vu de flagrante Widdersprëch an der Regierungspolitik, déi d’ADR permanent kritiséiert. Kee Wonner also, datt dräi Deputéiert an d’Presidentin vun den ADR Fraen dem Secteur hir Solidaritéit gewisen hunn. Och de Reen konnt de Fernand vKartheiser, de Jeff Engelen, de Fred Keup an d0Sylvie Mischel net ofhalen am Kortège vum Horeca-Secteur matzegoen.

Hei e puer Impressioune vun der Demo vu Restaurateuren, Hotelieren a Cafetieren:

Deel dëse Post: