Ginn et genuch Hygièneskontrollen an de Flüchtlingsstrukturen?

Hei  fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.

Verschidde Medien hunn a leschter Zäit iwwer déi onhygieenesch Zoustänn a bestëmmte Flüchtlingsinfrastrukture bericht. An engem RTL-Artikel vum 5.02.2026 (https://infos.rtl.lu/news/luxembourg/problemes-dhygiene-a-la-structure-daccueil-pour-refugies-210545095) heescht et: « C’est loin d’être la première fois que des problèmes d’hygiène sont signalés dans des structures d’accueil pour réfugiés. »

Well dee Probleem also weiderhi besteet,  stellen sech Froen no der Responsabilitéit an och der Reegelméissegkeet vun den Inspektiounen an dësen Ariichtungen.

Am deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi vill Inspektioune goufen an deene leschte Joren an de betreffende Strukturen  duerchgefouert, an a wéi engen Intervallen?
  2. Wat waren déi wichtegst Erkenntnisser?

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: