Ëmmer rëm geréit d’Beschäftegungsinitiativ ProActif negativ an d’Schlagzeilen, net zulescht wéinst dem mangelhaften Ëmgang mat Steiersuen. Wéi den Aarbechtsminister Georges Mischo am Kader vun enger parlamentarescher Fro lo zouginn huet, sténkt de Fësch och vum Kapp hier. De Ministère selwer huet sech fir déi 25 Milliounen Euro déi e mëttlerweil ausbezilt, mol kee Stëmmrecht am Verwaltungsrot ausgehandelt. Ginn de Leit hir Suen ënnert deenen Ëmstänn net quasi verschenkt? Wéini gëtt hei nogebessert?
- Eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen…
- …an eng Äntwert vum Minister, dee weider de Kapp an de Sand stécht.
Hannergrond