Wien haft fir de Chaos vum 10. Mee um Findel?

Den 10. Mee koum et um Findel zu 10 Fluchausfäll an 43 Verspéidungen, well e Metalldetekter net funktionéiert huet. D’staatlech Firma Luxairport huet als Bedreiwer vum Fluchhafen zwar formell d’Responsabilitéit iwwerholl, weigert sech awer virleefeg, fir d’Entschiedegungen opzekommen a schéckt d’Fluchgesellschafte vir. Ausgerechent d’Luxair, déi och majoritär dem Staat gehéiert, stellt sech vis-à-vis vun de betraffene Passagéier queesch. Dëse bleift näischt anescht iwwereg wéi viru Geriicht ze zéien oder op hirem Schued sëtzen ze bleiwen. Gräift d’Madamm Verkéiersminister an, datt net weider de Geck mat de Leit gemaach gëtt a Lëtzebuerg sech international blaméiert?

Deel dëse Post: