Wéi vill Leit erreechen de Pensiounsalter?

An Däitschland huet d’Liewenserwaardung sech an de leschte Joren negativ entwéckelt. Männer weise souguer scho vum Alter vu 55 Joer un en erhéichte Stierflechkeetsrisiko op. Däitschland ass a villerlee Hisiicht mat Lëtzebuerg ze vergläichen. Wéi presentéiert deen entspriechenden Trend sech hei am Land? Eng parlamentaresch Fro vum Lexy Schoos:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

Eis däitsch Noperen hunn an de leschte Jore widderhuelt e Réckgang vun der Liewenserwaardung festgestallt. Am Artikel “Warum die Deutschen früher als andere Europäer sterben”, deen de 25. Mee 2024 um Zitt vum Deutschlandfunk publizéiert gouf, heescht et ausserdeem, datt däitsch Männer scho vum Alter vu 55 Joer un en erhéichte Stierflechkeetsrisiko opweisen (Frae réischt vum Alter vu 75 Joer un). Den Artikel presentéiert verschidden Erklärungsusäz, wéi eng ënnerschiddlech Ernierung am Verglach zu aneren EU-Staaten, eng ofschléissend Ursaach konnt awer net festgestallt ginn.

Sécherlech kann ee Lëtzebuerg net all Hisiicht mat Däitschland gläichsetzen, vill Strukturen hunn awer e vergläichbare Charakter.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Minister fir Gesondheet a sozial Sécherheet gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi sech d’Statistik vun de Leit, déi wärend de Jore vun 1984 bis 2024 virum legale Pensiounsalter vu 65 Joer aus dem Liewe gescheet sinn an absolutten Zuelen entwéckelt huet, an dobäi preziséieren, wéi déi Zuelen am Gesamtverhältnis zu der aktiver Populatioun stoungen?
  • Kann d’Madamm Minister am Sënn vun der Fro virdrun d’Opdeelung no den dräi Secteuren (Landwirtschaft, Industrieproduktioun an Déngschtleeschtung), souwéi d’Opdeelung no Geschlechter preziséieren?

 

Deel dëse Post: