Wéi vill kaschten eis d’ONGen?

Déi sougenannt Netregierungsorganisatiounen (ONGen) huelen den “Net” an hirem Numm ëmmer spéitstens dann net méi sou eescht, wann et drëms geet ëffentlech Suen oder materiell Leeschtungen ofzegräifen. Wéi vill kaschten dës Netregierungsorganisatiounen d’Lëtzebuerger Steierzueler mëttlerweil? De Fred Keup leet de Fanger an d’Wonn:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

De Staat finanzéiert iwwert déi verschidde Ministèren eng Rei vun ONGen, respektiv ënnerstëtzt se mat Sachleeschtungen, wéi d’Bereetstellung vu Raimlechkeeten oder anerem.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Finanzminister gär dës Fro stellen:

Kann den Här Finanzminister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert wéi eng ONGen am Budgetsjoer 2025, finanziell oder ënner Form vun enger Sachleeschtung Ënnerstëtzung vum Staat kruten, ëm wéi ee Montant oder ewéi eng Form vu Sachleeschtung et sech dobäi jeeweils gehandelt huet, wéi vill dat am zweete Fall all Kéiers kascht huet an de jeeweilege Ministère oder aner ëffentlech Institutioun, iwwert déi déi eenzel Zouwennunge gefloss sinn, preziséieren?

 

Deel dëse Post: