All Dag kommen iwwer 100.000 Frontalieren op Lëtzebuerg schaffen. Datt déi Aarbechtsmaartpolitik net nëmmen e Gewënn duerstellt, ass ville Leit am Bezuch op eis Sprooch an och d’Pensioun mëttlerweil bewosst. Aner Käschte gi bis ewell kaum diskutéiert, zum Beispill den Transfert vu Kannergeld an d’Ausland. De Fred Keup verlaangt lo kloer Zuelen dozou:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
Esou wéi rezent an der däitscher Presse ze liese war, huet eis Nopeschland wärend dem vergaangene Joer ronn 528 Milliounen Euro u Kannergeld an d’Ausland iwwerwisen. Hei handelt et sech an der Reegel ëm d’Kanner vun Elteren, déi am Kader vum EU-wäiten Zougang zum Aarbechtsmarché an Däitschland enger sozialversécherungsflichteger Aarbecht noginn, wärend hir Famill awer am Hierkonftsland wunnt.
Och zu Lëtzebuerg hu mir scho wéinst de Frontalieren ganz vill Leit um Aarbechtsmaart, deenen hir Kanner am Ausland wunnen.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Finanzminister gär dës Fro stellen:
- Kann den Här Finanzminister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert wéi vill Kannergeld jeeweils a wéi ee Land iwwerwise gëtt a fir all Land d’Zuel vun den Empfängerstéit souwéi der Zuel vun de Kanner preziséieren?