Wéi vill Aide-soignantë ginn et zu Lëtzebuerg?

Wéi vill Aide-soignantë ginn et eigentlech zu Lëtzebuerg? Dat (an nach puer aner Detailer) wëll d’Alexandra Schoos vun der Regierung wëssen.

Fro:

Wéi een an der Äntwert vun der deemoleger Regierung op d’parlamentaresch Fro Nr. 3703 vum honorabelen Deputéierten André Bauler noliese kann, huet sech d’Zuel vun den Aide-soignanten, déi hei am Land praktizéieren, tëscht 2012 an 2017 vun 3.073 op 3.644 erhéicht, wat engem Zouwuess vun 3,20 % entsprécht. Am gläichen Dokument gëtt ee gewuer, datt am Schouljoer 2017-2018 insgesamt 506 Schüler (bei enger Gesamtzuel vu 1406 LTPS-Schüler) amgaang waren, sech zum Aide-soignant ausbilden ze loossen.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi vill diploméiert Aide-soignanten et aktuell zu Lëtzebuerg gëtt?
  • Kann den Här Schoulminister preziséieren, wéi vill Schüler säit 2018 (opgeschlësselt no Schouljoer) hir Ausbildung als Aide-soignant ofgeschloss hunn?
  • Leien der Regierung Zuele vir, wéi vill vun den aktuell praktizéierenden Aide-soignanten hei am Land wunnen a wéi vill vun hinnen (opgeschlësselt no eisen dräi Nopeschlänner) Frontaliere sinn?

 

Deel dëse Post: