Déi entspriechend Zuele fir Lëtzebuerg an d’Entwécklung vun der Unzuel vun dëse Platze, si Wichteg fir d’Land. Och do muss Lëtzebuerg Suen investéiere kennen.
Vir do méi gewuer ze gi stellen déi honorabelen Deputéierte Fred Keup an Dan Hardy der Madamm Justizminister déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm
Justizminister weiderzeleeden.
Am Zesummenhang mat de Capacitéite vun de Prisonge géife mir der Regierung gär follgend Froe stellen:
- Wéi héich sinn d’Capacitéite vun eise Prisongen hei am Land, respektiv wéi vill Plazen hu mir am Ganzen a pro Ariichtung?
- Wéi vill vun deene Plaze sinn aktuell am Ganzen a pro Ariichtung besat?
- Wéi vill vun deene Plazen si besat vu Persounen ouni Wunnsëtz zu Lëtzebuerg?
- Erstellt d’Regierung Prognosmodeller op Basis vun der aktueller Situatioun, der Entwécklung vum Wuesstem a vun der Kriminalitéit zu Lëtzebuerg, fir aschätzen ze kënnen, wat an de kommende Joren hei u Capacitéite gebraucht gëtt?
- Kënnen déi aktuell Capacitéite bei steigendem Bedarf nach ausgebaut ginn? Wa jo, wat fir eng Ariichtunge kéimen dofir a Fro an ëm wéi vill Plaze jeeweils?
Mat déiwem Respekt,
Dan Hardy Fred Keup
Deputéierten Deputéierten