Wäit manner E-Autoe wéi geduecht?

Offiziell war den Undeel vun den Elektroautoe bäi den Neizouloossungen 2025 nees zeréckgaangen. Ma méiglecherweis läit d’Zuel vun de subventionéierte Gefierer, déi op eise Stroossen ënnerwee sinn, wouméiglech nach wäit méi niddreg, wéi d’Zuel vun den offiziellen Umeldungen. Am Ausland ass et längst üblech, datt Hiersteller an Händler besonnesch E-Autoen op sech selwer, umellen, dat deelweis fir bürokratesch EU-Virgaben ze erfëllen. Ass déi Praxis also och bei den Händler hei am Land verbreet a wat seet dat iwwert den Erfolleg vun där politesch forcéierter Ëmstellung aus? De Michel Lemaire leet de Fanger an d’Wonn:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Am Artikel “Was der neue Kurs beim Verbrennerverbot für Kunden und Autofirmen bedeutet”, deen den 12. Januar am Lëtzebuerger Wort publizéiert gouf, gëtt drop verwisen, datt esouwuel d’Hierstellerfirme vun Autoen, esou wéi och Händler, besonnesch Elektroautoen dacks op sech selwer umellen, an domat d’Statistike verzerren. Op Däitsch schwätzt ee vu sougenannten “Eigenzulassungen”. Esou wéi och an der internationaler Press ze liese war, entscheeden sech déi verantwortlech Acteuren dacks fir dee Wee, fir entspriechend EU-Ëmweltvirgabe rechneresch kënnen ze erfëllen. Dacks ginn d’Autoen duerno als Occasioun verkaf. Zu Lëtzebuerg hu mir zwar keng eegen Hiersteller, mee trotzdeem eng Rei Händler vun deenen  ënnerschiddleche Marken.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Ass dee Phenomen, datt d’Händler Autoen op sech selwer umellen och hei am Land bekannt? Falls jo, kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi d’Zuele vun de Gesamtzouloossunge vun 2015 bis 2025 no der Aart vum Motor, no der Mark souwéi privater, betriblecher an ëffentlecher Umeldung regruppéiert, a fir déi betriblech Zouloossungen all Kéiers d’Zuel vun den Umeldungen op d’Händler preziséieren?
  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi weist, wéi vill Occasiounen déi virdrun als “Eigenzulassung” ugemellt waren, vun 2015 bis 2025 zu Lëtzebuerg verkaf goufen, an dës no der Aart vum Motor souwéi der Mark regruppéieren?

 

Deel dëse Post: