Wäertgéigestänn geklaut – an elo?

Wat passéiert, wann een z.B. säi Laptop zu Lëtzebuerg geklaut gëtt an duerch den “Tracking” gëtt festgestallt, datt en an d’Ausland bruecht gouf? Besteet an deem Fall eng länneriwwergräifend Zesummenaarbecht tëscht de Lëtzebuerger an den auslännesche Police-Autoritéiten? De Fred Keup huet nogefrot.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister weiderzeleeden.

Duerch de sougenannten “Tracking” vu Geräter, zum Beispill engem I-Pad, ass et haut méiglech, de Standuert vun engem elektronesche Gerät ze verfollegen. Dëst ass besonnesch dann intressant, wann ee säi Gerät geklaut kritt. An deem Kontext gouf mir zougedroen, datt eng Persoun säi Computer zu Lëtzebuerg geklaut krut an den “Tracking” erginn huet, datt sech d’Gerät zu Diddenuewe befënnt. Doropshin hätt d’Lëtzebuerger Police dem Affer matgedeelt, datt si näischt kënnen ënnerhuelen, d.h., datt si och net d’Police-Autoritéiten aus Frankräich géife kontaktéieren, fir sech iwwert d’Suitte vun där Strofdot ze beroden.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

  1. Kann den Här Minister confirméieren, datt d’Lëtzebuerger Police am Fall, wou en Affer e Géigestand zu Lëtzebuerg geklaut kritt, deen sech duerno noweislech am Ausland befënnt, sech net mat den auslännesche Policeautoritéiten a Verbindung setzt, fir sech iwwert d’Suitte vun där Strofdot ze beroden?
  2. Wa jo, wéi eng Méiglechkeet huet d’Affer an deem Fall nach, fir de geklaute Géigestand zeréckzekréien a misst hei net systematesch eng Prozedur agefouert ginn, déi eng länneriwwergräifend Zesummenaarbecht tëscht de Policeautoritéite am Fall vun engem Vol erméiglecht?
  3. Kann den Här Minister opschlësselen, bei wéi enger Zort, respektiv Natur vu Strofdoten eng länneriwwergräifend Zesummenaarbecht tëscht de Policeautoritéite besteet a bei wéi enger net?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup – Deputéierten

Deel dëse Post: