VISUPOL: Wéi huet sech d’Zuel vun den Delikter entwéckelt?

D’VISUPOL (Vidéosurveillance à des fins policières) krut am Joer 2021 e klore legale Kader. An enger parlamentarescher Fro wëll de Fred Keup gewuer ginn, wéi sech d’Zuel vun den Delikter zanter deem entwéckelt huet.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

D’Iwwerwaachung duerch d’VISUPOL (Vidéosurveillance à des fins policières) krut am Joer 2021 e klore legale Kader. An deem Kontext wär et intressant ze wëssen, wéi effizient dëse System bei der Kriminalitéitsbekämpfung ass a wéi sech d’Zuel vun den Affairen entwéckelt huet.

Dowéinst wollt ech dem Här Inneminister follgend Froe stellen:

  1. A wéi ville Affaire goufen – opgeschlësselt no de Joren 2021, 2022, 2023 an 2024 – Biller vu VISUPOL benotzt?
  2. Kann den Här Minister präziséieren, wéi eng Aart vu Verstéiss vu VISUPOL opgezeechent goufen?
  3. Ass an den Ae vum Här Minister eng Tendenz erkennbar, datt d’Zuel vun den Delikter, déi duerch VISUPOL opgezeechent goufen, an d’Luucht geet an ass an den Ae vum Här Minister eng Tendenz erkennbar, datt d’Natur vun den Delikter sech aggravéiert?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup – Deputéierten

 

Deel dëse Post: