Verkéiersverstéiss mat “preuve à l’appui”

Wann een an Däitschland a Frankräich vun engem Radar geblëtzt ginn ass, gëtt d’Foto vum Verkéiersverstouss automatesch mat der Geldstrof un de betraffene Chauffer geschéckt. Zu Lëtzebuerg muss ee sech extra op Bartreng deplacéieren, wann een dës Foto wëll gesinn. Dozou huet de Jeff Engelen e puer Froen un d’Mobilitéitsministesch.

Fro:

D’Handhabung vu Verkéiersverstéiss féiert zu Lëtzebuerg oft zu Frustratioun a Roserei bei de concernéierte Leit. E bekannt Beispill ass an deem Zesummenhang de Fait, datt, wann d’Vitesse iwwerschratt an duerch Radare gemooss gouf, de betraffene Chauffer eng Geldstrof heemgeschéckt kritt − allerdéngs ouni d’Foto „preuve à l’appui“ vum Verkéiersverstouss. Dat empfanne vill Leit als problematesch, well an enger Demokratie Transparenz ganz wichteg ass, besonnesch wann et ëm Sanktioune geet. Hirer Meenung no ass et d’Verantwortung vum Staat, fir Beweiser ze liwweren, datt e bestëmmte Chauffer eng Verkéiersreegel verletzt huet. D’Beweislaascht dierft net op de Chauffer ofgewälzt ginn an et dierft net sinn, datt vun him erwaart gëtt, seng Zäit a Ressourcen opzebréngen, fir perséinlech zu Bartreng am Centre National de Traitement d’Foto vum Verkéiersverstouss an domat d’Legitimitéit vun der Sanktioun ze iwwerpréiwen. An aneren europäesche Länner, wéi z.B. Däitschland a Frankräich, gëtt d’Foto vum Verkéiersverstouss automatesch mat der Geldstrof un de betraffene Chauffer geschéckt.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Minister gär dës Froe stellen:

  • Wéi steet d‘Madamm Minister zur Iwwerleeung, eng Gesetzesännerung auszeschaffen, déi virgesäit, datt och zu Lëtzebuerg d’Foto vum Verkéiersverstouss un déi betraffe Persoun muss zesumme mat der Geldstrof geschéckt ginn? Ass d’Madamm Minister net der Meenung, datt esou eng Gesetzesännerung net nëmmen zur Transparenz géif bäidroen, mee och d’Vertraue vun de Bierger an d’Verkéiersiwwerwaachung an domat an d’Aarbecht vun der Police géif stäerken?
  • Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi vill Persounen an de leschte fënnef Joer drop gehalen hunn, fir zu Bartreng am Centre National de Traitement d’Foto vum Verkéiersverstouss an domat d’Legitimitéit vun der Sanktioun ze iwwerpréiwen?

 

 

Deel dëse Post: