Strukturell Problemer an der Ecole internationale Gaston-Thorn

D’Ecole internationale Gaston-Thorn an der Stad ass op puer Sitte verdeelt. Dat ass fir déi betreffend Schüler, Elteren a Léierpersounen dacks mat Problemer verbonnen. De Fred Keup huet dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

D’École internationale Gaston-Thorn (EIGT) operéiert aktuell iwwer puer Sitten: Zéisseng (Fondamental) a Märel (Secondaire), zousätzlech goufen zwee nei Sitten opgemaach bzw. si geplangt: Kierchbierg (Fondamental) a Walfer (Secondaire), fir der grousser Nofro gerecht ze ginn. Dës raimlech Opdeelung bedeit faktesch, dass d‘Schoul op véier Plaze verdeelt ass, wat logistesch Erausfuerderunge fir Organisatioun, Transport a Schoulgemeinschaft mat sech bréngt, z. B. ënnerschiddlech laang Weeër fir Schüler an Elteren, getrennt Strukture fir Unterrechts- a Verwaltungsprozesser, asw.

Virun deem Hannergrond hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  1. Wéi beurteelt den Här Minister d‘Effizienz a pedagogesch Qualitéit vun der Schoulorganisatioun an der EIGT iwwer véier Sitte verdeelt?
  2. Wéi eng Transport-, Betreiungs- a Koordinatiounsmoossname ginn assuréiert, fir Nodeeler fir Schüler, Elteren a Léierpersonal ze vermeiden?
  3. A wéiwäit goufen d‘Standuertentscheedungen (z. B. Kierchbierg a Walfer) duerch infrastrukturell Analysen a Kapazitéitsofschätzungen ënnermauert a validéiert?
  4. Wéini ass mam geplangten zentraliséierte Standuert um Lampertsbierg konkret ze rechnen?
  5. Wéi bewäert den Här Minister d’Iwwerleeung, datt duerch déi méifach Zerspläiterung vun der Schouloffer an Zukunft déi organisatoresch a pedagogesch Belaaschtungen an d‘sozial Trennung an der EIGT nach zouhuele kéinten?

Äntwert:

1.
Weder déi pedagogesch Effizienz nach d’Organisatioun vun der Schoul ginn an der École internationale Gaston Thorn (EIGT) duerch d’Verdeelung op véier verschidde Standuerter beaflosst. Als akkreditéiert europäesch Schoul gëtt d’EIGT reegelméisseg an dëse Beräicher kontrolléiert a kann op excellent Resultater an den Audit-Berichter verweisen. Dobäi ass d’Direktioun op alle Standuerte present a fungéiert als Haaptgespréichspartner fir d’Personal, d’Elteren an d’Schüler. D’Tatsaach, datt dës Strukture méi kleng sinn, kann och vu Virdeel sinn, net nëmme fir d’Schüler, mee och am Sënn vun adaptéierte Gestiounsméiglechkeete fir d’Direktioun.
2.
Fir all Primärschüler gëtt et e Schoultransport an d’Méiglechkeet, fir eng Aschreiwung am Foyer scolaire ze maachen, woubäi d’Gestioun dovu bei der Stad Lëtzebuerg läit. D’Lycéesschüler profitéiere vum Schoultransport souwéi vum ëffentlechen Transport. Iwwer 30 parascolaire Aktivitéite bidden en ofwiesslungsräiche Programm no der Schoul. Zu Walfer ass déi Offer nach un déi méi geréng Schülerzuel ugepasst a gëtt, nom Modell vum Lycée um Geesseknäppchen, all Joer weider ausgebaut. Eng multikompetent Ekipp këmmert sech ëm den Encadrement vu Schüler mat spezifesche Bedierfnesser op de véier Standuerten. E puer Membere vum Personal hunn zougestëmmt, sech bei Bedarf tëscht de Standuerter ze deplacéieren, wat sech als ganz effikass an nëtzlech fir d’Schüler an hir Familljen erweist a gläichzäiteg Ressourcë schount. D’Membere vum Léierpersonal gi gefrot, wou se wëllen agesat ginn, respektiv speziell fir e Standuert agestallt. D’Schoulleedung, déi am Shared Leadership, am Change Management souwéi an agille Management-Konzepter ausgebilt gouf, ass duerchaus equipéiert, fir d’Situatioun ze handhaben. Elteren oder Schüler ginn op kengem Standuert vun der EIGT benodeelegt. Eng zolidd Zesummenaarbecht mam EIGT-Elterecomité liwwert e reegelméissege Feedback vun den Elteren an erméiglecht der Schoulleedung ze reagéieren, falls Upassungen néideg sollte sinn.
3.
Um Site Kierchbierg deelen sech d’Schoul an de Foyer scolaire zanter der leschter Rentrée dat bestoend Gebai D. Déi al Container A, B an C ginn duerch nei performant Modulbauten ersat; d’Aarbechten sinn an der leschter Phase. Ab der Rentrée am September 2026 kënnen déi véier Gebaier vun der Schoul a vum Foyer scolaire genotzt ginn. De Site um Kierchbierg ass fir eng Kapazitéit vu ronn 400 Schüler ausgeluecht. Um Site eduPôle zu Walfer goufen geziilt Infrastrukturmoossnamen ëmgesat: d’Gebai 6 gouf duerch Ëmbauaarbechten esou adaptéiert, datt d’Schüler schonn ab der Rentrée 2025 opgeholl konnte ginn. Fir d’Gebai 9 si gréisser Aarbechten an der Planung, mat enger méiglecher Mise en service fir d’Rentrée 2027. Aktuell sinn zu Walfer 45 Schüler, op Dauer sinn eng 350 Schüler virgesinn.
4.
De geplangten Standuert um Lampertsbierg ass u verschidde Contraintë gebonnen. D’Relocalisatioun vun der EIGT kann eréischt nom Plënneren vun der International School Michel Lucius op de Kierchbierg an dem Lycée Technique du Centre op Gaasperech geschéien, dëst nodeems gréisser Renovatiounsaarbechten un den bestoenden Gebaier ofgeschloss sinn. Dowéinst kann zu dësem Zäitpunkt nach keen definitive Planning genannt ginn.
5.
De Begrëff „Zerspläiterung“ suggeréiert eppes, dat gebrach oder onkomplett ass. Déi véier Standuerter vun der EIGT stellen als eenzel Annexen de genaue Géigendeel duer. Aus der wichtegster Perspektiv, där vun de Schüler, ass all Standuert eng voll funktionéierend Schoul an där se kënne léieren, wuessen an opbléien. D’Direktioun steet a reegelméissegem Austausch mat de Servicer vum Ministère a rapportéiert keng pedagogesch Belaaschtung a keen Unzeeche vu sozialer Trennung. Am Géigendeel, lokal Optiounen op méi Plazen erliichteren den Alldag fir vill Familljen a gi vun der Ëffentlechkeet gutt opgeholl, wéi d’Aschreiwungszuelen et ëmmer erëm beweisen.

Foto Copyright: Communauté des Français au Luxembourg

Deel dëse Post: