Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.
Am „Invité vun der Redaktioun“ vum 20. Mee 2025 op RTL huet den Dokter Marc Berna d’Problemer am Zesummenhang mat de Forfait-Verhandlunge mat der CNS ugeschwat a betount, datt dës Verhandlunge festgefuere sinn, besonnesch wat d’Definitioun, d’Bewäertung an d’Adaptatioun vun de Forfaiten un d’Realitéite vun der medezinescher Praxis ugeet.
Eng weider Verzögerung kéint negativ Auswierkungen op d’Organisatioun vun der Patienteversuergung, d’administrativ Belaaschtung fir d’Dokteren an d’Zefriddenheet vun de Patienten hunn. Dobäi kéim, datt IRM, Scanner a Röntge reegelméisseg misste kontrolléiert ginn a bis elo net mol kéinte benotzt ginn.
An deem Kontext géif ech der Madamm Gesondheetsminister gär follgend Froe stellen:
- Wat ass déi konkret Ursaach firwat d’Antenn fir diagnostesch Bildgebung vun den Hôpitaux Robert Schumann op der Cloche d’or net a Betrib ka geholl ginn? Hu mir hei erëm deen nämmlechte Fall wéi um Potaschbierg? Wann nee, firwat dierf deen Zentrum net opmaachen.
- Wat sinn déi konkret Ursaache fir de Stëllstand bei de Verhandlungen tëscht der CNS an de Vertrieder vun de Spideeler?
- Handelt et sech hei ëm e Problem vu politeschem Wëllen oder ginn d’Verhandlunge gebremst, respektiv gesteiert, fir d’Käschten ze deckelen?
- Wat gedenkt d‘Regierung z’ënnerhuelen, fir d’Diskussiounen tëscht der CNS an de Spideeler nees a Beweegung ze bréngen?
- Am Koalitiounsaccord ass festgehale ginn, dass d’Regierung d’Noutwennegkeet gesäit, de gesetzlechen an de regulatoresche Kader am Beräich vun de medezinesche Forfaiten z’iwwerpréiwen, respektiv z’aktualiséieren. Wou ass d’Regierung mat der Iwwerpréiwung drun? Wat sinn d’Conclusiounen aus der Iwwerpréiwung? Wéini ginn déi dréngend noutwenneg Aktualiséierunge virgeholl?
- Ass der Regierung bewosst, datt de Stëllstand bei de Verhandlunge riskéiert, am Kontext vum aktuelle Bevëlkerungswuesstem, d’Waardezäite vun de medezinesche Rendez-vousen nach méi ze verlängeren an domat zu enger onsécherer Situatioun fir d’Patienten ze féieren? Wa jo, mat wéi enge Waardezäite fir IRM-Rendez-vouse rechent d’Regierung fir déi kommend Joeren (Projektiounen)?
- Wéi héich belafen sech aktuell d’Ënnerhaltskäschte fir Apparater, déi zwar funktiounsfäeg sinn, awer momentan net am Asaz sinn? Wie muss dofir opkommen?
Mat déiwem Respekt,
Alexandra Schoos
Deputéiert