De Sport a virun allem och de Veräinssport vermëttelt Kompetenzen, déi eng Gesellschaft zu alle Säiten hi beräichert a stäerkt. Zudeem fërdert en déi physesch an awer och déi mental Gesondheet. De Sport bereet och besonnesch eis Jugend op d’Erausfuerderunge vun hirem spéidere Liewe vir.