Et ass e Phenomen deen am Ausland ëm sech gräift an sech duerch den internationalen Handel och zu Lëtzebuerg ëmmer méi ausbreet. Déi sougenannt “Shrinkflation” andeems besonnesch Hiersteller vu Liewensmëttel d’Präisser net méi erhéijen, mee d’Quantitéit an deelweis och d’Qualitéit reduzéieren. Natierlech ass et traureg, datt d’Leit sech déi Produite soss iwwerhaapt net méi leeschte kéinten. Zu Lëtzebuerg sinn d’Konsumenten allerdéngs duerch den Index géint esou eng absolutt Veraarmung geschützt. Mee fléisst déi Shrinkflation an de Wuerekuerf, deen normalerweis Präisdeierecht moosst an op där Basis den Index bestëmmt, iwwerhaapt mat an? An anere Wierder: steet den Index aus enger neier Richtung ënner Beschoss? Eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ekonomieminister an den Här Finanzminister weiderzeleeden.
International gëtt de Phenomen vun där sougenannter “Shrinkflation”, déi ee graff mat Trickflatioun kéint iwwersetzen, am Kader vum Konsumenteschutz ëmmer méi staark diskutéiert. Heibäi handelt et sech ëm e Virgang, wou d’Hiersteller vu bestëmmte Produiten de Präis zwar nominal net änneren an domat net zur klassescher Inflatioun bäidroen. Amplaz gëtt awer d’Quantitéit geschrumpft, oder den Inhalt anescht zesummegesat. Besonnesch am Liewensmëttelberäich kënnt dee Phenomen dacks vir. Zu Lëtzebuerg sollen d’Konsumenten eigentlech duerch den Index, deen op der wëssenschaftlecher Basis vum Wuerekuerf berechent gëtt, virun all ze staarker Inflatioun geschützt ginn.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Finanzminister gär dës Fro stellen:
- Wéi gëtt de Phenomen vun der Trickflatioun am Wuerekuerf berécksiichtegt, fir déi deementspriechend wëssenschaftlech Integritéit ze schützen an eng verstoppt Schwächung vum Index ze vermeiden?