Datt zu Wolz a Clierf de Service um Client, wéi lo bei de Steierbüroen, ofgebaut an zentraliséiert gëtt, ass keng Neiegkeet. Dëst reit sech an an déi traureg Politik, déi eis Regierung(en) scho säit Jore praktizéieren. Den Norde vum Land gëtt weiderhin als Stéifkand behandelt, eng Politik, géint déi sech d’ADR scho säit Jore wiert. De Jeff Engelen stellt an deem Zesummenhank direkt zwou parlamentaresch Froen, fir gewuer ze ginn, wéini sech endlech eppes un där Politik ännert a fir iwwerdeems Drock op d’Regierung opzebauen. Hei fannt Dir d’Froen: