Sanktiounen…

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum ADR-Fraktiounspräsident a Süddeputéierte Fred Keup.

Betreff: Säit dem Ukrainekrich huet d’EU bis elo 16 verschidde Sanktiounspäck géint Russland op de Wee bruecht. Och géint Ruanda sinn aktuell Sanktiounen an der Diskussioun. Ma gëtt et och Länner, déi Sanktioune géint Lëtzebuerg verhänken?

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

Virum Hannergrond vum Ukrainekrich goufen de 24. Februar mam 16. Sanktiounspak vun der Europäescher Unioun nei Sanktione géint Russland gestëmmt. Aktuell ginn och Sanktioune géint Ruanda diskutéiert. An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

    1. Gëtt et Länner, déi offiziell Sanktioune géint Lëtzebuerg, lëtzebuergesch Betriber, lëtzebuergesch Staatsbierger oder och géint lëtzebuergesch Politiker verhaangen hunn?
    2. Sollt dat de Fall sinn:
      1. Wat fir Länner sinn dat?
      2. Ëm wat fir Sanktiounen handelt et sech do genau?

 

Mat déiwem Respekt,

Fred Keup

Deputéierten

 

 

 

Deel dëse Post: