Sanéierung vum Meedercherslycée

Wéi geet et weider mat der Sanéierung vum Meedercherslycée? Dat wëll de Fred Keup vun der Regierung wëssen.

Fro:

Am Kontext vun der aktueller Sanéierung vum Lycée Robert-Schuman hat d’Regierung an hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 2011 vum 5. Mäerz 2025 vun den honorabelen Deputéierte Francine Closener a Ben Polidori preziséiert, et wier decidéiert ginn, déi iewescht Stäck vum Gebai vum LRSL net méi ze notzen. De Rez-de-chaussée kéint weider ouni Risk benotzt ginn, well hei d’Struktur duerch eng Rei Stabiliséierungsmesurë verstäerkt konnt ginn. Mëttlerweil leien eis Informatioune vir, no deenen dat historescht Haaptgebai am Dezember 2025 ganz zougemaach wäert ginn.

An deem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister confirméieren, datt dat historescht Haaptgebai am Dezember ganz zougemaach wäert ginn? Wa jo, wéini wäerten d’Aarbechten zur Sanéierung vum Haaptgebai ofgeschloss sinn an d’Gebai rëm opgoen?
  • Wéi gëtt séchergestallt, dass d‘Léierbedingungen an d’Unterrechtsqualitéit am neie Schouljoer net ënnert den Aaarbechte leide wäerten?
  • Ginn et zousätzlech Belaaschtunge fir Schüler am neie Schouljoer (z.B. Kantin, Pendelweeër, verännert Unterrechtszäiten)?
  • Ginn et reegelméisseg Rapporten oder Updates iwwer Fortschrëtter a Problemer vun de Sanéierungsaarbechten? Wa jo, wou sinn déi verfügbar?
  • Beanträchtegt déi aktuell Situatioun ausserschoulesch Aktivitéiten?

Äntwert:

Fro 1: D’Haaptgebai gëtt, bis ob den Deel vun der Direktioun, am Dezember 2025 zougemaach. D’Verwaltung fir ëffentlech Bauten huet eng Étude de faisabilité an Optrag ginn an ass aktuell souwuel mam Notzer ewéi mat de concernéierte Fachplaner a Kontakt fir d’Besoine vun der Schoul ze definéieren an ze analyséieren. An der Suite wäert dann ee Projet fir d’Renovatioun vum Gebai ausgeschafft ginn. Opgrond vum Stadium vun den Etudë kann aktuell keng Ausso zu engem Planning gemaach ginn.

Fro 2: D’Schüler an d’Léierpersonal sinn aktuell an engem héichwäertegen Ersatzbau ënnerbruecht, deen allen néidegen Ufuerderunge gerecht gëtt a gréisstméigleche Confort bitt. Fir de spéidere Chantier gëtt dofir gesuergt, datt souwuel d’Fluxen tëscht de Schüler an den Aarbechte getrennt ginn, ewéi datt den Impakt op den Oflaf vun der Schoul esou geréng ewéi méiglech gehale gëtt.

Fro 3: Bis am Januar sinn 13 Klasse vum Lycée Robert-Schuman (LRSL) am Institut national des langues (INLL) ënnerbruecht. Dëst bedeit, datt d’Enseignante vun deene Klassen hin- an hierpendele mussen. Fir dee Wee sinn ëmmer 10 Minutte virgesinn; d’Enseignantë wiesselen am Prinzip wärend der klenger Paus oder wärend der Mëttespaus tëschent deenen zwee Gebaier. D’Schüler wiesselen nëmme ganz wéineg, z. B. fir de Sport. Och do sinn 10 Minutten fir de Wee virgesinn. D’Direktioun vum LRSL huet am INLL Klasse logéiert, déi keng Spezialsäll brauchen. Um Niveau vun der Restauratioun ass d’Kantin am ale Gebai vum LRSL zougemaach ginn, esou datt d’Hallschent vun de Kapazitéiten an der Distributioun verluer gaang ass. D’Schüler vum LRSL ginn dofir och am Lycée des Arts et Métiers zerwéiert. Déi Klassen, déi am INLL sinn, iessen do an der Kantin. Fir d’nächst Rentrée huet d’Direktioun mat der Administration des bâtiments publics a Restopolis e Projet lancéiert, fir en zousätzleche Sall fir d’Distributioun vum Iessen ëmzebauen. Domat dierft de Problem vun der Restauratioun zum groussen Deel geléist sinn. Un den Unterrechtszäiten huet sech am Prinzip näischt geännert. Heiansdo ass eng kleng Paus verréckelt ginn, mee grondsätzlech funktionéiert d’Schoul nach ëmmer vu 7:55 bis 13:55 Auer.

Fro 4: D’Etuden iwwer d’Sanéierungsaarbechte sinn amgaangen. Am Moment kënnen awer nach keng Aussoen gemaach ginn, wéi déi definitiv Sanéierungsmoossname konkret ausgesinn.

Fro 5: Déi ausserschoulesch Aktivitéite si kaum vum Chantier betraff. Heibäi kann een op all d’Infrastrukture vum neie Gebai zeréckgräifen, wou z. B. d’Bibliothéik ënnerbruecht ass, grad ewéi den Infosall, de Mediesall an déi grouss Sportshal. Just de Jugendtreff huet misse liicht reduzéiert ginn; an de Pavillone sinn zwee Raim virgesi fir de Service socio-éducatif an de Jugendtreff, mee d’Raimlechkeete si méi begrenzt. Nawell ass d’Unzuel vun den Aktivitéiten net erofgaangen.

Deel dëse Post: