Renovéierung an Extensioun vum Huelmesser Schlass

Den “Centre SNJ Hollenfels” gëtt renovéiert a vergréissert. Awer wuel kaum verschéinert. Dozou huet de Fred Keup e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

De Jugendzentrum vum Service national de la jeunesse an a ronderëm d’Buerg Huelmes gëtt aktuell renovéiert an ausgebaut, woubäi d’Aarbechte bis Enn 2028 dauere sollen. D’Käschte ginn haaptsächlech vum Ministère fir Ëffentlech Baute gedroen a belafe sech op ronn 32 Milliounen Euro. Am Pressedossier vun der Regierung (“1er coup de pelle Centre SNJ Hollenfels – Rénovation et extension”) heescht et: « Une extension, implantée sur l’emprise d’un ancien bâtiment disparu au XIXe siècle, est adossée au château. Elle accueille un escalier et un ascenseur, garantissant l’accessibilité aux personnes à mobilité réduite sans altérer le bâti patrimonial du château.»

Dës Extensioun (Maquette-Foto op S. 11 uewe vum Pressedossier) schéngt, anescht wéi d’Regierung dat beschreift, den “bâti patrimonial du château” méi wéi just ze “alteréieren”, well an der Ëffentlechkeet gouf si elo schonns mat Attributer wéi “eng Schan”, “absolument hideux” an “monstruosité” beluecht.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:

  • Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt mat der mentionéierter Extensioun vum Huelmesser Schlass déi architektonesch Integritéit vun dësem Schlass, dat säit 2022 als „Monument national“ klasséiert ass, irreversibel beschiedegt gëtt?
  • Gouf hei en Avis vum INPA ugefrot? Wa jo, mat wéi engem Resultat?
  • Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung fir den Entworf vun dëser Extensioun? Wann nee, firwat net?
  • Goufen alternativ architektonesch Konzepter gepréift, déi sech besser an dat historescht Gesamtbild vum Schlass afügen?
  • A wéiwäit goufen d’Denkmalschutz-Organisatiounen an d’Planung vun där Extensioun mat abezunn?
  • Goufe Méiglechkeete gepréift, déi bestoend Struktur vum Schlass besser auszenotzen, amplaz se duerch eng Extensioun bzw. en Neibau ze ergänzen?
  • Besteet op Säite vun der Regierung d‘Bereetschaft, op ëffentlech Bedenken anzegoen an noutfalls de Projet vun der Extensioun ze iwwerschaffen oder ganz falen ze loossen?

 

Deel dëse Post: