Reklamm fir den “Projet Ëlmen” um belsche Radio

“Ëlmen” ass e Projet vun der “Société nationale des habitations à bon marché” (SNHBM). Hei entsteet e ganzt Duerf zu Ollem an der Gemeng Kielen fir Mënschen, déi sech keng „maartüblech“ Wunnengen um Lëtzebuerger Wunnengsmaart leeschte kënnen. Firwat mécht d’SNHBM da Reklamm bei engem belsche Radiossender fir den “Projet Ëlmen”? Dat wëll de Fred Keup vun der Regierung wëssen.

Fro:

“Ëlmen” ass e Projet vun der “Société nationale des habitations à bon marché” (SNHBM). Hei entsteet e ganzt Duerf zu Ollem an der Gemeng Kielen fir Mënschen, déi sech keng „maartüblech“ Wunnengen um Lëtzebuerger Wunnengsmaart leeschte kënnen. Obschonns all Joer vill Lëtzebuerger gezwonge sinn, an d’Ausland wunnen ze goen, mécht d’SNHBM Reklamm bei engem belsche Radiossender fir den “Projet Ëlmen”.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Ass et an den Ae vum Här Minister mam gesetzlechen Optrag vun der SNHBM kompatibel, fir aktiv am Ausland Reklamm ze maache fir hir Projeten?
  2. Wéi justifiéiert den Här Minister et géintiwwer de Lëtzebuerger Bierger, dass e staatlech subventionéierte Wunnprojet Leit am Ausland „schmackhaft“ gemaach gëtt, wärend vill Leit hei zu Lëtzebuerg kee Wunnraum fannen an esouguer, wéi ee rezent an der Press liese konnt (Artikel vum 21.8.2025 op wort.lu “Die Kinder, die es gar nicht geben darf”), Kanner mat hiren Elteren an Autoe schlofe mussen?
  3. Kann den Här Minister preziséieren, firwat een iwwerhaapt Reklamm fir den „Projet Ëlmen“ maache muss, wann ee bedenkt, datt et bei der Locatioun generell laang Waardelëschte fir Wunnenge vun der SNHBM gëtt?
  4. Fir kënnen an de Genoss vun enger Wunneng vun der “Société nationale des habitations à bon marché” ze kommen, mussen den Antragsteller an all d’Membere vu sengem Stot iwwer eng Openthaltsgeneemegung am Land (oder e vergläichbare legitimmen Openthaltstitel) vu méi wéi 3 Méint verfügen. Gëtt dat am Kontext vun „Ëlmen“ agehalen? An anere Wierder: Kann den Här Minister confirméieren, datt d’Reklamm, déi d’SNHBM bei engem belsche Radiossender fir den “Projet Ëlmen” mécht, sech just un Awunner vu Lëtzebuerg oder Lëtzebuerger riicht?

Äntwert:

Kloerstellung vum Kontext vun dëser Publicitéitscampagne: Déi betreffend Campagne war dem Projet Elmen gewidmet. Elmen ass en neit Duerf dat am Bau ass zu Olm, an der Gemeng Kielen, no bei der belsch-lëtzebuergescher Grenz. Fir eng breet Visibilitéit wärend der Porte ouverte ze garantéieren an d’Zilgruppen z’erreechen, goufen e puer Kommunikatiounskanäl benotzt.
• Invitatioune goufen un déi Leit geschéckt déi bei der SNHBM ageschriwwen si fir eng Wunneng an
dëser Géigend ze kafe;
• Geziilt digital Campagnen;
• Radiospots a verschiddene Sproochen op verschiddenen Radiosender.
Dës “Journée Portes Ouvertes“, déi als Zil hat, d‘urbanistescht Konzept vun Elmen duerch guidéiert Visitten ze erklären, an déi verschidden Zorte vun Eefamilljenhaiser ze presentéieren, huet e Samschdeg, de 17. Mee 2025, stattfonnt a war e grousse Succès.

1. D’Promotioun vun de Bauprojete vun der SNHBM entsprécht voll a ganz hirer Missioun als ëffentleche Promoteur. Et ass essentiel, all deene Persounen, déi eligibel si fir eng bezuelbar Wunneng an/oder Wunneng zu engem moderate Präis, den Zougang zu den Informatiounen iwwer déi aktuell bezuelbar Bauprojeten ze erméiglechen.

2. D’SNHBM ass sech de Schwieregkeete bewosst, déi vill Bierger zu Lëtzebuerg hunn, fir eng Wunneng ze fannen. Als ëffentleche Promoteur ass et der SNHBM hier Missioun, bezuelbar Wunnenge fir déi berechtegt Persounen ze schafen an ze geréieren D’Ziel vun der ugeschwater Campagne, déi Deels iwwer Radiosender a verschiddene Sprooche gemaach gouf, ass net d’Leit ze privilegiéieren, déi am Ausland wunnen, mee sécherzestellen, datt all déi, déi eng enk Verbindung mam alldeegleche Liewen zu Lëtzebuerg hunn, e gläichberechtegten an transparenten Zougang zu der Informatioun kréien. Dës Campagne erlaabt der SNHBM transparent a gerecht d’Informatiounen un déi potentiell an eligibel Stéit zur Verfügung ze stellen; an engem Kontext wou de Besoin u Wunnenge ganz grouss ass. Ausserdeem war dës Campagne keng einfach kommerziell Reklamm-Aktioun, mee eng gezielte Moossnam fir:
• De grousse Public iwwert de Projet, iwwer déi bezuelbar, nohalteg, qualitativ Wunnengen an iwwer dat urbanistescht Konzept vum Duerf Elmen z’informéieren ;
• Eng innovativ urbanistesch Visioun ze presentéieren (zentraliséiert Parkhaiser, Gréngflächen, …), déi net onbedéngt de Gewunnechte vu jidderengem entsprécht an dofir erfuerdert, e méi breede Public z’erreechen ;
• Transparenz ze garantéieren an den Zougang zu de Projete sécherzestellen, déi mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Staat zu Lëtzebuerg realiséiert ginn, andeems souwuel d’Awunner wéi och d’Grenzgänger informéiert ginn.

3. D’Werbung fir de Projet Elmen betrëfft haaptsächlech de Verkaf vu bezuelbare Wunnengen, well de PAP eng gewëss Mixitéit virgesäit : Opdeelung tëschent Appartementer a Haiser am Verhältnis vu 50 %. Dobäi si 50 % vun den Appartementer fir d’Locatioun virgesinn, wärend déi aner Wunnengen, déi gebaut ginn, fir de bezuelbare Verkaf geduecht sinn. Et ass och wichteg ze ënnersträichen, datt de Projet Elmen net nëmme wéi en übleche Projet vu bezuelbare Wunnengen ze verstoen ass : e baséiert op engem innovativen urbanistesche Konzept mat zentraliséierte Parkhaiser, engem Supermarché, engem second hand baby shop, enger Maison pour Tous mat Brasserie a puer Plaze fir d’Inklusioun am Quartier, asw. D’Werbung hat och haaptsächlech d‘Ziel, dëse Konzept dem grousse Public virzestellen an z’erklären, fir datt all déi Stéit, déi fir eng bezuelbar Wunneng an/oder eng Wunneng zu engem moderate Präis eligibel sinn, dëst Konzept verstinn. Dës Campagne erméiglecht, an dësem Kontext, och en transparenten a gläichberechtegten Zougang zu den Informatiounen ze garantéieren, andeems all eligibele Stot d’Méiglechkeet kritt, sech – jee no senge Besoin‘en a Wënsch – fir eng bezuelbar Wunnengen am Verkaf oder an der Locatioun ze positionéieren. Et kann een och ënnersträichen, datt am Mee 2025, wéi d’Campagne lancéiert gouf, de Verkaf schwaach war. D’Werbung huet dofir erméiglecht, d‘Leit z’informéieren, den Interessi fir de Projet ze stäerken a konkret Resultater ze generéieren.

4. D’Werbung iwwert de Projet Elmen hat, ënnert anerem, d’Ziel de berechtegte Public iwwert d’Existenz vu bezuelbare Wunnengen z’informéieren.. D’Werbung respektiv, d‘Verkafsprozedur vun der SNHBM riicht sech deemno u jiddereen deen de gesetzleche festgeluechte Krittären entsprécht. D’Gesetz iwwer abordabel Wunnenge riicht sech u jiddereen den op Basis vum Artikel 55 en Openthaltsrecht vu méi wéi 3 Méint zu Lëtzebuerg huet. Dorënner falen ënner anerem och d’EU-Bierger déi zu Lëtzebuerg schaffen oder studéieren. D’Konditioun vun engem Openthaltsrecht vu méi wéi 3 Méint zu Lëtzebuerg ass baséiert op ee vun de Grondprinzippie vun der europäescher Unioun den et all EU-Bierger erlaabt fräi an all Memberstaat ze reesen, do ze liewen oder ze schaffen. Dës Konditioun gëllt fir all abordabel Wunneng déi ënnert d’Gesetz vum 7. August 2023 fält, onofhängeg vum Promoteur.

Foto Copyright: cipu.lu

Deel dëse Post: