D’Demokratie ass a Gefor, wa Schoulen demokratesch gewielte Parteien ausschléissen
D’ADR bezitt Stellung zu enger rezenter Table-ronde an engem Lëtzebuerger Lycée, op déi Politiker vun der CSV, DP, LSAP, vun „déi gréng“, „déi Lénk“, vun de Piraten a vu Fokus ageluede goufen, wärend d‘ADR bewosst ausgeschloss gouf.1 De President vum Schülerkommitee huet dës Net-Aluedung domat begrënnt, dass d‘ADR keng Plattform kréie sollt, well hir Rhetorik Haass schüre géif. Dës Decisioun vum Schülerkommitee stellt en eklatante Verstouss géint d’Prinzippie vun der politescher Neutralitéit a Gläichbehandlung an ëffentleche Bildungsariichtungen duer, an zudeem en Akt vu Cancel Culture.
Als Partei, déi säit Joerzéngte fir d’Wäerter vun der Lëtzebuerger Gesellschaft antrëtt – inklusiv Familljepolitik, national Souveränitéit wéi och demokratesch Participatioun a Meenungsfräiheet –, stellt dës Entscheedung fir d‘ADR en Ugrëff op d’Demokratie duer. Ëffentlech Schoulen, déi vum Steierzueler finanzéiert ginn, mussen allen demokratesch legitiméierte Parteien oppe stoen. D‘ADR huet fënnef Sëtz am Parlament. Sou Ausgrenzungen erënneren un ideologesch Zensur an ënnergruewen d‘Recht op fräi Meenungsäusserung, dat an der lëtzebuergescher Verfassung verankert ass.
Et ass inakzeptabel, dass e Schülerkommitee sech umoosst, iwwer d‘Legitimitéit vun enger Partei ze urteelen. D’ADR äussert sech dacks kritesch zu kontroversen Themen. Awer genau dat ass Politik: Debatt a Konfrontatioun. Andeems een d’ADR ausschléisst, verweigert een de Schüler eng nuancéiert Debatt a fërdert amplaz eng eesäiteg politesch Agenda. Dat ass keng Bildung, dat ass Propaganda!
D‘ADR fuerdert de Schoulminister op, schnellstméiglech anzegräifen a sécherzestellen, dass Lycéeën an Zukunft all d‘parlamentaresch Parteien abezéien. Lëtzebuerg ass e Land vun der Fräiheet a vun der Pluralitéit – a soll dat och bleiwen!
1 Artikel „Déi Jonk interesséiere sech fir Politik, mee den Zougank ass net evident“ op www.rtl.lu 30.10.2025
Matgedeelt vun der ADR
Hei de Link fir op de PDF:
https://acrobat.adobe.com/id/urn:aaid:sc:EU:5a6d89a1-61c2-43c5-9964-b72d0ff4bb5a