D’Lycéesschüler sinn d’Wieler vu muer. Et ass dofir net verwonnerlech, datt si ganz besonnesch am Fokus vun de Politiker stinn. De Fred Keup huet dozou e puer Froen un de Schoulminister.
Fro:
A senger Äntwert op déi mëndlech Fro Nr. 290 vun der honorabeler Madamm Deputéiert Diane Adehm iwwer Walkampfaffichë vum deemolege franséische Presidentschaftskandidat Eric Zemmour an der Europaschoul zu Mamer (Séance publique Nr. 32 vum 8. Februar 2022) hat den Här Minister gesot: “Natierlech kann een iwwer politesch Bildung nëmme gutt eppes maachen, wann een och mat Politiker vun ënnerschiddleche Parteien, an domat awer och wierklech vum ganze Parteiespektrum, an och zesumme mol eppes ka maachen. Dat ass och an de Schoule Politik fir unzepaken, dat ass an de Schoulen och ganz konkret de Schüler gewisen, wat Politiker soen. Dofir wëlle mer och schonn Presenz vu Politiker an de Schoulen hunn, mee natierlech muss et politesch neutral sinn, an et muss equilibréiert sinn, net equilibréiert onbedéngt pro Veranstaltung, mee equilibréiert an der Durée, sou datt do eigentlech och all politesch Couleur méi oder manner zur Geltung kommen an domat och de politesche Spektrum de Schüler kann gewise ginn.”
An deem Zesummenhank hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Minister eis eng Lëscht presentéiere mat allen Diskussiounsronnen, déi am Schouljoer 2024/25 an de Lëtzebuerger Lycéeën organiséiert goufen, fir de Schüler vun eisem Land ze weisen, “wat Politiker soen”? Wa jo: Wéi eng Ministeren an Deputéierter, opgedeelt no Parteien an no Lycéeën, hunn un dësen Diskussiounsronnen deelgeholl, a wéi dacks?
- Kann den Här Minister opschlësselen, a wéi enge Fäll déi betreffend Politiker vun de Schoulen ageluede goufen an a wéi enge Fäll d’Politiker sech selwer agelueden hunn?
- Confirméiert den Här Minister seng Ausso vun 2022, datt et grondsätzlech gutt ass, wann d’Politiker “wierklech vum ganze Parteiespektrum” an d’Lycéeë ginn an datt bei dësen Diskussiounsronnen “all politesch Couleur” gläichwäerteg soll vertruede sinn?