Pensiounsreform – Chaos mat Uso!

D’ADR a vill anerer haten d’Regierung gewarnt, datt d’Ëmsetzung vun der Pensiounsreform méi Chaos wéi soss eppes géif verursaachen. Ma d’Madamm Minister hat awer decidéiert, déi sëllechen, gutt gemengte Warnungen ze ignoréieren an elo ass d’Bëtschel fett. Déi Verantwortlech vun der Pensiounskeess (CNAP) probéieren elo sou gutt wéi méiglech, d’Kar aus dem Dreck ze zéien, ma si setzen sech dobäi, verschiddene Medieberichter no, och selwer engem net onerhiefleche juristesche Risiko aus. Der Madamm Minister fält näischt anescht méi an, wéi de Personalschlëssel vun der CNAP kuerzfristeg ëm 40 Prozent ze erhéijen. Ma och dat bedeit fir d’Leit déi do schaffen, fir d’éischt emol eng organisatoresch a logistesch Erausfuerderung, schliisslech mussen déi Kandidate mol fonnt, interviewt, formatéiert asw. ginn. Wier dat alles néideg gewiescht? Eng parlamentaresch Fro vun der ADR-Ostdeputéiert Alexandra Schoos:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheets- a Sozialminister weiderzeleeden.

Esou wéi et am Artikel “CNAP mat Kappzerbrieches a vill méi Aarbecht konfrontéiert”, deen den 12. Januar op RTL.lu publizéiert gouf, heescht, stellt déi rezent Pensiounsreform, d’Mataarbechter vun der Pensiounskeess (CNAP) viru massiv Erausfuerderungen. Notamment war sech d’Direktioun laang onsécher, wéi d’Reform rechtssécher ëmzesetzen ass. De Risiko vu juristesche Recourse besteet och weiderhin. Och d’Retraite progressive soll der Madamm Minister no zwar vum 1. Januar u kënnen ugefrot ginn a spéitstens a véier Méint a Kraaft trieden. Elo heescht et awer bäi RTL, datt de System fir déi progressiv Pensioun unzefroen, nach net operationell ass. No Ausso vun der Madamm Minister an der Kommissiounssitzung vum 8. Dezember 2025 soll dës Demande kënnen iwwer MyGuichet gestallt ginn.

Des Weideren heescht et am Artikel, datt eng ronn 100 Leit sollen nei bäi der CNAP agestallt ginn. Enn 2024 louch d’Gesamtzuel vum Personal bäi 242, et handelt sech also ëm eng Erhéijung vun iwwer 40 Prozent. Trotzdeem gëtt d’Madamm Minister am genannten Artikel mat de Wierder zitéiert, datt d’Reform zwar “natierlech méi Aarbecht géing mat sech bréngen, mee net an deem Ausmooss ewéi geduecht”.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Gesondheets- a Sozialminister gär dës Froe stellen:

  • Wéi reagéiert d’Madamm Minister allgemeng op den Artikel a besonnesch op de Fakt, datt d’Direktioun vun der CNAP muss dovun ausgoen, datt hir Ëmsetzung an d’Interpretatioun vun der Reform riskéieren, geriichtlech ugesicht ze ginn?
  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi déi 100 Plazen no der jeeweileger Karriär, CDDen an CDIen, externen Ausschreiwunge souwéi Changements d’administration regruppéiert an all Kéiers preziséieren, ob d’Astellung mat engem Stage verbonnen ass a wéi laang dee géif daueren?
  • Kann d’Madamm Minister matdeelen, wéi eng Qualifikatioun d’Kandidate musse matbréngen? Ginn och geziilt Juristen agestallt, fir op potenziell Geriichtsaffäre virbereet ze sinn?
  • Wéi wäit wäerten déi 100 Leit mat der operationeller Integratioun vun der Reform an d’Aarbechtsofleef vun der CNAP befaasst ginn? Wéi eng aner Aufgabe kënnen si méiglecherweis iwwerhuelen, nodeems de Projet ofgeschloss ass?
  • Ëmfaassen dës 100 Plazen och d’Neibesetzung vu Leit déi an d’Pensioun ginn oder d’CNAP aus soss engem Grond verloossen? Falls jo, kann d’Madamm Minister déi entspriechend Zuele matdeelen? Falls net, kann d’Madamm Minister matdeelen, wéi vill zousätzlech Plaze fir eventuell Neibesetzungen 2026 mussen ausgeschriwwe ginn?
  • Eng kuerzfristeg Erhéijung vum Personal ëm 40 Prozent bedeit dacks och eng logistesch Erausfuerderung. Kënnen déi 100 Leit all a bestoende Raimlechkeete vun der CNAP ënnerbruecht ginn? Falls net, wéi eng zousätzlech Lokalitéite si fir si virgesinn? Kann d’Madamm Minister d’Käschte vun der Locatioun, respektiv dem Kaf preziséieren?
  • A wéi engem Zäitraum mengt d’Madamm Minister dësen Astellungsprozess kënnen ofzeschléissen? Wéi een Zäitraum gëtt duerno fir d’Formatioun vun deene Leit agerechent? Wéi ee Réckstau un Dossiere kéint sech schlëmmstefalls erginn, bis déi 100 Leit voll operationell sinn?
  • Bis wéini sollen déi technesch Dispositioune fir d’Demande vun der progressiver Pensioun operationell sinn? Kann d’Madamm Minister garantéieren, datt all Bierger dee säit dem 1. Januar 2026 Usproch op eng progressiv Pensioun huet, dës och kann ufroen? Wéi gesäit déi genee administrativ Prozedur aus?
  • Iwwert wéi eng Kenntnisser vun eisen dräi administrative Sprooche mussen d’Kandidate verfügen, wuelwëssend, datt de Kontakt mam Public hei naturgeméiss virun allem eeler Persoune betrëfft?
  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi wäit sech d’Gesamtkäschte vun der CNAP verdeelt op déi verschidde Posten (Salairen, Raimlechkeeten, Material asw.) duerch dëse Rekrutement erhéicht?
  • D’Madamm Minister gouf wéi uewen ausgefouert, vun RTL mat de Wierder zitéiert, datt d’Ëmsetzung vun der Reform manner Opwand mat sech bréngt, wéi erwaart. Vu wéi engem zousätzleche Personalbedarf war d’Madamm Minister deementspriechend ursprénglech ausgaangen?

 

Deel dëse Post: