D’Gazprombank operéiert als registréiert Entitéit zu Lëtzebuerg aktiv. Ma obwuel d’Bank sech kengerlee rechtlech Verstéiss zoukomme gelooss huet an och kenge Sanktiounen am Kader vum Ukrainkrich ënnerläit, sinn eng Rei vun hire Verméigenswäerter konfiskéiert. Si goufen als “Kollateralschued” vu Sanktioune géint den deemolege Verméigensverwalter behandelt. Mëttlerweil huet esouguer den Europäesche Geriichtshaff festgestallt, datt hei Onrecht geschitt ass, ma trotzdeem behält d’Regierung d’Suen an. Setzt si d’Steierbezueler op en Neits liichtfankeg dem Risiko aus a Milliounen- oder esou guer Milliardenhéicht op Schuedensersaz ugesicht ze ginn? Eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
Esou wéi et am Artikel “Gazprombank assigne le ministre des finances”, deen den 28. November am Lëtzebuerger Land publizéiert gouf, heescht, gëtt de Staat aktuell vu Vertrieder vun där genannter russescher Energiefirma op d’Geriicht geholl. Dat, well 2022 verschidde vun hire Verméigenswäerter am Kader vu Sanktiounen agefruer goufen, obwuel dës Sanktiounen just den deemolegen Détenteur betraff hunn. Weider heescht et, datt den Europäesche Geriichtshaff schonn am September 2024 confirméiert huet, datt déi Verméigenswäerter kënnen deblockéiert ginn.
Nieft deem zitéierte Fall gëtt de Staat och scho vum russesch-israeeleschen Entrepreneur Mikhail Fridman virun engem internationale Schiedsgeriicht op Schuedensersaz ugesicht. Schlëmmstefalls riskéiert Lëtzebuerg hei eng Milliardestrof. D’Grondrecht op Eegentum gëtt zu Lëtzebuerg duerch den Artikel 36 vun der Verfassung geschützt. Dës Rechtssécherheet an de Respekt vum Eegentum duerch de Staat stellen ee vun de Gronpiliere fir d’Vertraue vun den nationalen an internationalen Investoren duer. D’Urteeler an all deene Fäll wierken sech deementspriechend och ëmmer op déi eng oder aner Manéier op d’Reputatioun vun der Finanzplaz aus.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Finanzminister gär dës Froe stellen:
- Wéi bewäert den Här Minister déi am Artikel beschriwwe Virgäng?
- Wéi begrënnt den Här Minister déi Decisioun, d’Verméigenswäerter weiderhin ze blockéieren, obwuel e Geriicht anescht decidéiert huet an d’Gazprombank kengerlee Sanktiounen ënnerläit?
- Wéi bewäert den Här Minister d’Auswierkung vun deenen Decisiounen op d’Vetrauen an de Rechtsstaat souwéi d’Reputatioun vun der Finanzplaz?
- Geet d’Regierung dovun aus, datt de Staat och an dësem Fall ka virun engem internationale Schiedsgeriicht ugesicht ginn? Falls net, wéi begrënnt d’Regierung déi Sécherheet? Falls jo, schafft d’Regierung eventuell op eng Eenegung mat der Géigepartei hin?