De Buergermeeschter vu Rédange (F) huet sech kierzlech driwwer opgereegt, datt sou vill Schüler aus senger Gemeng an de Lëtzebuerger Schoulsystem ofwanderen. De Fred Keup huet dozou e puer onbequem Froen un de Schoulminister:
Fro:
An der Reegel ginn zu Lëtzebuerg just Kanner an d’Schoul, déi och zu Lëtzebuerg hire Wunnsëtz hunn. Allerdéngs ginn et och Ausnamen. Iwwert e rezent Beispill fir sou Ausname konnt ee sech den 13. Mäerz 2025 am Luxemburger Wort informéieren. Am betreffenden Artikel “Bürgermeister von Rédange kritisiert Schülerabwanderung nach Luxemburg” beklot sech de Buergermeeschter vun der franséischer Grenzgemeng Rédange, datt ëmmer méi Famille vu senger Gemeng Weeër fannen, fir hir Kanner zu Lëtzebuerg anzeschoulen. Dës Entwécklung hätt negativ Konsequenze fir Rédange.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi vill Schüler, déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn, hunn hire Wunnsëtz aktuell zu Rédange (F)? Wéi vill vun dëse Schüler ginn an international Schoulen?
- Wéi positionéiert sech den Här Minister zu follgender Ausso vum Buergermeeschter vu Rédange ugesiichts vun der Ofwanderung vu Schüler aus senger Gemeng: “Neben der Schule leidet auch der Zusammenhalt im Dorf, denn die Kinder der Gemeinde kennen sich nicht mehr, weil sie nicht mehr in dieselbe Schule gehen. Es ist ein Fass ohne Boden.”
- Wéi vill Schüler insgesamt, déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn, hunn hire Wunnsëtz am Ausland? Wéi ass dobäi d’Opdeelung tëscht Primärschoul a Lycée, tëscht ëffentleche lëtzebuergesche Lycéeën, ëffentlechen internationale Lycéeën, den Europaschoulen a Privatschoulen?
- Op wéi eng Hierkonftslänner verdeelen sech Schüler, déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn an hire Wunnsëtz am Ausland hunn?
- Bei wéi ville Schüler handelt et sech ëm Kanner, deenen hir Elteren als Frontalieren op Lëtzebuerg schaffe kommen?