Trotz jorelaangen Hiweiser aus der Zivilgesellschaft an x Presseberichter kënnt et am Beräich vum Naturschutzgebitt “Birelergronn” bei Sandweiler weiderhin zu gravéierende Gewässerverschmotzungen. No iwwereestëmmenden Aussoe vun Naturschutzorganisatioune geréit an de Wanterméint Entäisungswaasser – dat ë.a. Glykol, Korrosiounschutz- a Verdéckungsmëttel enthält – vum Flughafe Findel an d’Baach “Stackelgesgriecht”, déi op e puer honnert Meter als ökologesch zerstéiert gëllt.
Virun dësem Hannergrond hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Zënter wéini ass der Regierung bekannt, datt Entäisungswaasser vum Flughafe Findel an déi ëmleiend Gewässer geréit a wéi eng Kontrolle goufen an dësem Zesummenhang bis elo duerchgefouert?
- Hält d’Regierung dës Aleedunge vun Ofwässer fir konform mam nationalen Ëmweltrecht souwéi mat der EU-Waasserrahmerichtlinn a goufen am Fall vum Flughafebedreiwer Lux-Airport Oplagen oder Sanktioune verhaangen?
- Wéi eng konkret Moossnamen ergräift d’Regierung kuerzfristeg, fir weider Aleedungen ze verhënneren an de Schutz vum Naturschutzgebitt “Birelergronn” sécherzestellen, soulaang d’Ofwaasserinfrastruktur nach net genuch ausgebaut ass?
Mat déiwem Respekt,
Michel Lemaire
Deputéierten