Hei ass déi parlamentaresch Fro zur Ofdreiwung vum honorabelen Députéierten Jeff Engelen.
Här President,
esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro an d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.
Zënter e puer Méint ginn nees Fuerderungen erhuewe fir d’Legislatioun iwwer d’Ofdreiwung ze veränneren. Déi gefrote Modifikatioune géingen et, de Gynekologen no, méi liicht maache fir geschlechtsspezifesch Ofdreiwunge virzehuelen a géingen d’Risike fir d’Onfruchtbarkeet vun de Fraen, déi spéit ofgedriwwen hunn, erhéijen.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Gesondheetsminister dës Froe stellen:
- Wéi stellt sech d’Regierung sech zu där Fro vun der Verlängerung vum Delai vun 12 op 14 Wochen?
- Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Legislatioun geschlechtsspezifesch Ofdreiwungen, déi a ville Kulturen haaptsächlech Meedercher betreffen, net soll erliichteren?
- Wéi stellt d’Regierung sech zu där Fuerderung, méi präzis Statistiken zu den Ofdreiwungen anzeféieren, z.B. iwwer e präzise Code an der Nomenclaturen?
- Wéi stellt d’Regierung sech zu där Fuerderung de „délai de réflexion“ ofzeschafen?