Wat d’Bierger, déi fir hire Wee op d’Aarbecht op d’Nordstrooss ugewise sinn, säit mëttlerweil bal zwee Méint matmaachen, geet op keng Kouhaut méi. Fir d’éischt falen d’Ventilatoren an den Tunnellen no kaum zéng Joer aus, wouropshi Spueren a béid Richtungen hu misse gespaart ginn. D’Leit dierfen deementspriechend zwee Mol den Dag bestëmmt eng déck hallef Stonn am Stau zousätzlech arechnen. Mee domat net genuch. D’Regierung verfüügt net nëmmen net iwwert déi néideg Ersatzstécker, ma huet och vum Fournisseur net verlaangt, se op Reserve ze halen a ka mol net soen, wéini se iwwerhaapt erbäikommen! A wann se dann endlech eng Kéier geliwwert ginn, sinn se nach laang net installéiert!
Wien dréit d’Verantwortung fir dee Misär? Sécher géif et der Madamm Verkéiersminister Yuriko Backes gutt doen, sech manner ëm d’Schoultoiletten an duerfir méi ëm d’Stroosseninfrastruktur ze këmmeren. Et sief awer doriwwer eraus net vergiess, datt d’Decisioun fir op déi Manéier mat deem Hiersteller ze schaffen, an der Zäit vum Grénge Verkéiersminister François Bausch gefall ass. Als laangjärege Géigner vun der Nordstrooss huet hien ëmmer betount, datt et him näischt géif ausmaachen, se als Minister anzeweien. Mee si seng Decisiounen aus där Zäit wierklech nach mat Dommheet ze erklären, oder war et heemleche Sabotage? Déi Fro stellen sech mëttlerweil vill geplote Bierger, déi all Dag am Stau stinn, fir déi Steieren, mat deenen si déi Realsatire bezuelen, ze erwirtschaften. D’ADR ënnerstellt dem François Bausch näischt, ma kann d’Fro awer méi wéi novollzéien.
Den ADR-Norddeputéierte Michel Lemaire leet de Fanger an d’Wonn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°3567 iwwert d’Sperrung vun den Nordstroosstunnelle schreift d’Madamm Minister ënner anerem dat hei:
“No de Resultater vun éischten Analysen konnt d’Stroossebauverwaltung elo eng Commande fir Ersatzdeeler an Optrag ginn. D’Zerwisser vun der Stroossebauverwaltung stinn dobäi weiderhin a permanentem Austausch mat de Fournisseure fir eng zäitno Produktioun a Liwwerung vun de Stécker ze kréien, an domat de Problem sou schnell wéi méiglech ze behiewen. En Datum kann leider haut nach net genannt ginn, well een hei op den Fournisseur ugewisen ass, an d’Austauschstécker mussen hiergestallt ginn”.
Et ass eng Tatsaach, datt elo scho säit Méint zéngdausenden Automobiliste mat massivem Stau an domat massivem Zäitverloscht konfrontéiert sinn. Et stellt sech an deem Zesummenhang déi akut Fro, vu datt d’Madamm Minister vun Ersatzdeeler schwätzt, déi mussen ausgetauscht ginn, firwat hei net vorausschauend geduecht gouf an ob et sech hei net ëm Aarbechten handelt, déi am Hibléck op de normale Materialverschläiss virauszegesi waren.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Wéi eng Liewensdauer gouf vu Säite vum Hiersteller fir déi entspriechend Stécker versprach? Wéi eng Garantie gouf am Kontrakt festgehalen a wéi wäit spillt déi am aktuelle Fall?
- War eng regulär Verschläissdauer vun deene genannten Ersatzdeeler virauszegesinn an a wéi engem Zäitraum hätten se bäi normaler Liewensdauer sollten nei bestallt ginn, respektiv war am Kontrakt schonn en Zäitpunkt festgehalen, vu wéini u se missten automatesch verfügbar sinn, fir den Impakt op de Verkéier bäi engem plangméissegen Austausch op e Minimum ze reduzéieren?
- Gesäit d’Madamm Minister vir, bäi der Bestellung vun den Ersatzstécker eng méi laangfristeg a streng kontraktuell Garantie wéi bis ewell ze verhandelen, fir datt séchergestallt ass, datt den Hiersteller hei net duebel vum Steierzueler profitéiert? Falls net, firwat net?
- Gesäit d’Madamm Minister vir, bäi der Bestellung vun den Ersatzstécker eng kontraktuell Garantie, bis wéini den Hiersteller an Zukunft nei Stécker muss liwweren, ze verhandelen? Falls net, firwat net?
- D’Madamm Minister huet an der Äntwert op d’Fro Nummer 3567 och drop higewisen, datt sämtlech 52 Ventilatore vum Hiersteller an den Tunnelle Grouft a Stafelter hu missen iwwerpréift ginn. Goufen dobäi weider Probleemer festgestallt? Falls jo, wéi eng?