Mortalitéit bei der Blozongekrankheet: Wou si mir drun?

An enger parlamentarescher Fro wëllen d’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen méi gewuer ginn iwwert d’Mortalitéit vun de Béischten am Zesummenhang mat der Blozongekrankheet. Gouf an deem Zesummenhank och ze spéit reagéiert?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Déi Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) huet an enger Pressematdeelung vum 18. September weider Detailer bekannt ginn iwwert d’Ausbreedung vun der Blozongekrankheet zu Lëtzebuerg. Et ginn hei virun allem Infektiounszuele genannt an et wier an deem Kontext derwäert ze präziséieren, wéi sech d’Mortalitéit säit dem Ausbroch vun der Krankheet zu Lëtzebuerg laangfristeg entwéckelt huet. Déi betraffe landwirtschaftlech Acteuren hu säit dem 22. August iwwerdeems d’Méiglechkeet, der ALVA duerch d’Ausfëlle vun engem Formulaire matzedeelen, wann eng erhéichte Mortalitéit vu Béischten an hirem Betrib festzestellen ass.

An deem Kontext wéilte mir der Madamm Landwirtschaftsminister follgend Froe stellen:

  1. Kann d’Madamm Minister präziséieren, wéi d’Mortalitéit allgemeng vun de Béischten – opgeschlësselt no Ranner, Schof a Geessen – am Juni, Juli, August a September 2024 am Verglach zu 2023 – a Prozenter ausgedréckt – ass?
  2. Wéi vill Béischten si säit dem 1. August pro Woch – opgeschlësselt no Ranner, Schof a Geessen – un der Blozongekrankheet zu Lëtzebuerg gestuerwen?
  3. Wéi sinn d’Baueren an/oder d’Veterinären iwwert de Formulaire (https://agriculture.public.lu/de/formulare/tiere/nutztiere/meldung-mortalitaet-blauzungenkrankheit.html) informéiert ginn? Wéi vill Formulairen si scho bei der ALVA era gereecht ginn?
  4. Um besote Formulaire steet eng Case, wou déi landwirtschaftlech Acteure kënnen d’Unzuel vun deenen un der Blozongekrankheet verstuerwenen Déieren androen. Wéi kann an deem Kontext séchergestallt ginn, datt d’ALVA iwwert déi korrekt Zuele vun der Mortalitéit vun de Béischten duerch d’Blozongekrankheet verfüügt, ouni datt virdrun eng definitiv Doudesursaach duerch de Veterinär oder de Labo confirméiert konnt ginn? Dierfen nëmmen Déieren ugi ginn, bei deene virdrun eng veterinärmedezinesch Ënnersichungen an/oder Labosanalyse gemaach gi sinn?
  5. An der Äntwert vun der Madamm Landwirtschaftsminister op déi parlamentaresch Fro N°1108 gëtt gesot, datt de Staat 65% vun den Assurancëprimmen iwwerhëlt. Leien dem Ministère Zuele vir, wéi vill Lëtzebuerger Betriber – a Prozenter ausgedréckt –  verséchert sinn am Fall vun engem Ausbroch vun der Blozongekrankheet? Sinn och Entschiedegungsmesurë fir net assuréiert Betriber virgesinn an, wa jo, wéi eng?
  6. Leien dem Ministère Zuelen vir iwwert den Abroch an der Mëllechproduktioun hei zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mat der Blozongekrankheet? Wa jo, vu wéi engem Abroch – a Prozenter ausgedréckt – kënne mir ausgoen?
  7. Denkt d’Madamm Minister, datt eng erhéichte Mortalitéit am August 2024 par Rapport zu 2023 an en eventuellen Abroch an der Mëllechproduktioun hätt kënne verhënnert ginn, andeems den Impfstoff éischter am Joer bestallt gi wier an doduerch d’Béischten éischter an net an der akuter Phase vun der Krankheet hätte kënne geimpft ginn? Wa jo, wéi eng Mesurë gi geholl, fir an Zukunft besser preventiv ze schaffen?

Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos / Jeff Engelen – Deputéierten

Deel dëse Post: