Mir mussen eis als Gesellschaft froen:

Als ADR wëlle mir den Dirigismus an den Zentralismus am Lëtzebuerger Gesondheetswiesen opbriechen, fir déi liberal Medezin ze stäerken. D‘Doktere musse méi Méiglechkeeten a méi Flexibilitéit bei der Ausübung vun hirem Beruff kréien, fir all eise Versécherten Zougang zu enger éischtklassescher Medezin ubidden ze kënnen!
Mir sti fir een eenzege Gesondheetssystem, wou de Patient am Mëttelpunkt steet an all Salarié an all Independant automatesch an obligatoresch affiliéiert a verséchert ass. All Dokter, deen zu Lëtzebuerg praktizéiert, muss obligatoresch, awer an eisen Aen net automatesch, konventionéiert sinn.
Deel dëse Post: