Méi Dialog, manner Eskalatioun

Bei senger diplomatescher Rees op Moskau vum 26. bis den 29. Mee  huet de Fernand Kartheiser och kritesch Themen ugeschwat. Den EU-Deputéierten huet sech an direkte Gespréicher mat héichrangege Vertrieder vun der russescher Politik dofir agesat, datt an der Ukrain d’Zivilbevëlkerung a Minoritéite musse geschützt ginn. Och d’Situatioun vun de Mënscherechter huet de Fernand Kartheiser ganz oppen ugeschwat. Fir d’ADR ass kloer: Mir brauche méi wéi jee Dialog amplaz vun Eskalatioun.

Deel dëse Post: