Logement a Gesondheetsleeschtunge fir ukrainesch Flüchtlingen

Mënschen, déi aus der Ukrain bei eis kommen, fir dem Krich mat Russland ze entgoen, kréien hei en temporäre Schutz. Bis dës Mënschen deen internationalen temporäre Schutzstatus zouerkannt kréien, kënnen e puer Woche vergoen, well eng ganz Rei vu Formalitéiten ze erfëlle sinn. Déi meescht vun dëse Leit hu keng eegen Adress a wunnen an de Structures d’accueil oder bei Privatleit. Besonnesch d’Ënnerbréngung vu Flüchtlinge bei Privatleit ass dacks mat Problemer verbonnen: z.B. Kommunikatiouns- oder psychologesch Problemer. Et kënne geleeëntlech och Gesondheetsproblemer sinn, déi d’Cohabitatioun mat Flüchtlingen erschwéieren. Wat fir Léisunge bitt d’Regierung fir dës Problemer?

Deel dëse Post: