Ass geplangt, an Zukunft de Pilotprojet “Lëtzebuergesch op der A-Sektioun” op aner Lycéeën auszewäiten? Dat wëll de Fred Keup vum Schoulminister wëssen.
Fro:
Am Kader vun engem Pilotprojet ass de Lycée Michel-Rodange fir d’Schouljoer 2022-2023 op de Wee vun enger A-Sektioun mat Lëtzebuergesch als 4. Sprooch gaangen. Nieft Spuenesch an Italieenesch kann een do säitdeem also och Lëtzebuergesch als 4. Sprooch wielen. De Cours huet 3 Stonnen d’Woch op 3e a 5 Stonnen op 2e a 1re.
D’Regierung hat an hirem Dossier de presse „Initiative fir d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen am Lycée“ (27. Januar 2022) e breet gefächerte Programm ugekënnegt, an datt vill Aspekter vun der Sprooch a vum Land behandelt géife ginn.
Zwee Joer no Aféierung vun dësem Pilotprojet géif ech dem Här Minister gär follgend Froe stellen:
- Leien dem Här Minister Zuele vir, wéi vill Sektioun-A-Schüler aus dem Lycée Michel-Rodange sech bis elo fir Lëtzebuergesch als 4. Sprooch entscheet hunn, opgefächert no Schouljoer (2022-2023 / 2023-2024 / 2024-2025)?
- Ass geplangt, an Zukunft dëse Pilotprojet op aner Lycéeën auszewäiten?
- Wann net, aus wéi enge Grënn ass dat net geplangt?
Äntwert:
De Pilotprojet, deen den honorabelen Deputéierten a senger Fro viséiert, besteet doran, datt een am Lycée Michel-Rodange zanter dem Schouljoer 2022-2023 op der Sektioun A Lëtzebuergesch amplaz vu Spuenesch oder Italieenesch als sougenannt 4. Sprooch ka wielen. Leider huet dëse Projet, opgrond vu feelendem Interessi vu Säite vun de Schüler, bis elo nach net stattfonnt; et ass deemno och net geplangt, de Projet op weider Lycéeën auszedeenen.
D’Tatsaach, datt dëse Pilotprojet net konnt realiséiert ginn, refletéiert allerdéngs net e feelenden Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch, mee schéngt aner Ursaachen ze hunn. Éischtens kann ee feststellen, datt den Interessi fir d’Sektioun A allgemeng zeréckgeet, am Lycée Michel-Rodange grad ewéi och an deenen anere Lycéeën. Zweetens huet sech am Gespréich mat de Schüler erwisen, datt si engersäits léiwer eng nei Sprooch léieren, anerersäits schéngen déi berufflech Perspektiven hinnen net attraktiv genuch ze sinn.